logo



Du bass hei:

Gedanken, déi engem esou kommen …



vogel_frei.jpg

De Mënsch strieft no Fräiheet. Erreechen wäert en se awer ni. Mir kënnen net fräi sinn, well mir sinn ageschränkt
duerch eis Virurteeler,
duerch eis Wënsch,
duerch eis kierperlech, geeschteg a psychologesch Méiglechkeeten,
duerch eis Astellung zu deenen aneren Mënschen,
duerch deenen anere Mënschen hier Astellungen an hiert Behuelen,
duerch d'Informatiounen, déi mer hunn, déi mer kréien oder déi mer net wëllen zur Kenntnis huelen

Eng genau Definitioun vum  Begrëff  Fräiheet kënnt eis hëllefen, op d'mannst een Deel Fräiheet ze erreechen.






verantw.jpg

Et ass wichteg, besonnesch haut, wou den Interesse vum Eenzelnen ganz vill am Mëttelpunkt steet, de Sënn fir Responsabilitéit ze entwéckelen, an dat och scho bei de Kanner (an de Schoulen an doheem). Dozou gehéiert och d’Virausgesinn vu Konsequenzen vum eegenen Handelen, net nëmme fir sech selwer, mee och d’Konsequenzen fir eis Matmënschen an eist Ëmfeld.

Et kann een net ëmmer alles maachen, wat méiglech ass. All Handelen huet Konsequenzen fir eis a fir d’Welt ronderëm eis. Déi Konsequenzen muss een am Viraus no Méiglechkeet mat bedenken a mat aplangen.

Haaptcritère beim Handelen muss d’Wuel vu jidfer eenzelnen a besonnesch och vun der Allgemengheet sinn.

Globaalt Handelen erfuerdert dofir och bedenken vu globale Konsequenzen.




schein2.jpg

Lief däi Liewen! Vergläich dech an däin Handelen net mat aneren. Et ass net wichteg, wat anerer vun dir a vun dengem Handelen denken. Däi Sinn an däin Handelen soll zu dengem Gléck bäidroen. Lief däi Liewen an net deenen aneren hiert.




Gedanken.jpeg

* Iwwert eis Gedanke si mer net onbedéngt Meeschter; Meeschter awer si mer iwwer dat, wat mer soen. Net all Gedanken muss een ausschwätzen. 

* Eis Gedanken a Meenungen iwwer aner Mënschen an hir Handlungen sinn oft Viruerteeler. Wa mer déi Gedanken ausschwätzen, ginn et Uerteeler. D'Gefor besteet dobäi, dass et Feeluerteeler sinn, a Feeluerteeler riichte ganz gär vill Schued un.



schwaetzen.jpg

* Schwätze soll een sech gutt iwwerleeën, domat ass et wéi mam Ketchup: eppes wat ee gesot huet, ass gesot a kann een net méi zréck an de Mond maachen.

* Beim Schwätzen kann een sech ëmmer 3 Froe stellen:
1. ass dat wouer, wat ech wëll soen, weess ech dat ganz sécher?
2. ass et onbedéngt néideg ze soen, wat ech wëll soen?
3. ass et frëndlech, léif, wat ech wëll soen?

Ass eng oder méi vun deene Froen mat "Neen" ze beäntwerten, soll een sech gutt iwwerleeën, ob een net besser de Mond soll halen.





covid.jpg

17. Abrëll 2021: Am Moment, an der Covid-Kris, geet d'Mënschheet duerch eng zimlech haart Schoul. Ganz vill kënne mer alleguer doraus léieren, Politiker esou gutt wéi all aner Bierger. Ob mer allerdéngs eppes dobäi léieren, hänkt vu jidferengem selwer of.





**************************************************************************
1. Säit - - Plang vum Site
**************************************************************************


Drécken
Fir d'lescht geännert: 02/03/2024 @ 16:52:30
Générateur de code QR
olefa banner

Fir den Inhalt vun dëse Säiten © 2024
Mir iwwerhuele keng Responsabilitéit fir den Inhalt bei externe Linken