Du bass hei:
![]() | D'Wiisser Schoul vun 1956 bis 1999Zeechnung vum Annette Tremuth-Wollwert D’Schoul ass 1956 gebaut ginn. Déi Joreszuel stung mat roude Steng geschriwwen an der Entrée vun der Schoul : op der lénker Säit 19 an op der rietser Säit 56. Ageweit gouf se (« École merveilleuse » huet den deemolege Conseiller de gouvernement Winter se genannt) den 8. September 1957. D’ Reportage aus dem Luxemburger Wort vum 11. September 1957 hei niewendrun. Virdrun stung déi « al » Schoul op der Plaz virun der haiteger Grott. LéierpersonalDen Edouard Kieffer war éischte Schoulmeeschter an der « neier Schoul », 33 Joer laang Schoulmeeschter zu Altwis, dovun déi 10 lescht Joeren an der « neier Schoul ». Bis 1965 war do nëmmen 1 Klass mat engem Schoulmeeschter, ab 1965 ass eng zweet Klass derbäi komm mat enger Léierin. Léierpersonal zu Altwis vun 1956 bis 1999:1957-1967 : Edouard Kieffer 1965-1970 : Mme Jung-Diederich 1967-1974 : Marc Schmit 1971-1999 : Annette Tremuth-Wollwert 1974-1999 : Fernand Tremuth-Wollwert 1976/1977 : Christiane Kohl 1977-1980 : Doris Hoffmann-Hansen 1992-1997: Pascale Goedert-Ries 1994-1997: Marianne de Waha-Marx Verschidde Stagiairen hunn zu Altwis Schoul gehalen, dorënner och de spéidere Buergermeeschter vu Munneref, Roll Delles. D’Kanner an der « neier Schoul »Klassen mat de Kanner : No 1961 geet d’6. Schouljoer op Munneref, d’Kanner ginn am Ufank mam Taxi gefouert. Vu 1965 un ginn et zwou Klassen: 4., 5.-a 6. Schouljoer beim Schoulmeeschter, 1., 2. an 3. bei der Léierin. Nom Zesummeleeën mat de Kanner vu Munneref an Elleng war e 4. Schouljoer aus der ganzer Gemeng zu Wis beim Schoulmeeschter an en Deel vum 1. an 2. Schouljoer bei der Léierin. Ab 1978 war en Deel vun de Kanner aus dem 5. resp. 6. Schouljoer aus der ganzer Gemeng beim Schoulmeeschter an en Deel vum 1. an 2. Schouljoer (meeschtens Altwis an Elleng) bei der Léierin. An den 80er Joren waren d’Klassenefektiver ganz kleng ginn, do gouf et eng Klass zu Wis mat am 5. Schouljoer 3 Kanner an am 6. Schouljoer 8 Kanner. Vun 1974 un war d’Wiisser Schoul souzesoen e Familljebetrib, wou am Ufank d’Mme an den Här Tremuth Joffer an Här Lehrer waren, herno waren dat d’Nettchen an de Bop. Hei eng Foto vum Geschenk wéi d’Nettchen an de Bop zu Wis fortgungen mat den Nimm vun alle Kanner (an hirer Reliounsjoffer) aus deenen 2 leschte Klassen (wat jo och déi leschte Kanner waren, déi zu Wis an d’Schoul gungen) : D’Schoulgebai :Lénks vum Schoulgank waren 2 Schoulsäll. Niewent deem grousse Schoulsall gouf et e Bastel- a Materialsall. Riets vum Schoulgank, deen och als Vestiaire gedéngt huet, waren d’Toiletten. Spéider ass en Deel vum Schoulgank ofgetrennt ginn, fir e klenge Schoulsall ze kréien (fir d’Morale laïque a fir Aarbechten a klenge Gruppen). Am Keller waren Duschen. All Samsdes konnten d’Kanner an d’Leit aus dem Duerf do dusche goen. Bedéngt goufen d’Duschen vun der Tata Ketty (d’Mme Kremer Catherine). Si huet och ganz laang Joren d’Schoulgebai gebotzt. Uewen op war de Festsall, dee vun de Kanner och als Turnsall, Theatersall, Danzsall, … gebraucht ginn ass. De Festsall gouf och gebraucht vun de Veräiner : Fanfare Altwies, Fraen a Mammen, Wiisser Leit, Pingpong, Gesank, … fir Prouwen, Concerten, Solfège- an Instrumentecoursen, Training, Bazaren, Komitéssëtzungen a Generalversammlungen, Kachcoursen, Konferenzen, Réceptiounen, Éirewäiner, gemittlech Nomëtteger, Ausstellungen, Duerffest, …, als Muséksschoul, … Wärend der Renovéirung vun der Kierch (1968) ass am Festsall d’Mass gehale ginn (Paschtouer Charles Graul). Schoulhaff :Am Ufank war de Schoulhaff nëmmen e Rondel mat Makadam, ronderëm eng kleng Maierchen. An deer Maierchen war e Sockel, op deem stung de Männchen. Dat war eng Sonnenauer aus Sandsteen. Duerch de Schoulhaff goung schif erof eng breet Trap vun der Entrée (Préau) bis erof an de Wee laanscht de Kierfecht. Laanscht d’Schoulgebai, ronderëm dee klenge Schoulhaff a lénks niewent der Trap waren Planzen a Gestraich ugeluegt ginn. Déi Buedem-Plazen waren natierlech e Problem, besonnesch bei naassem Wieder. An den éischte Joren war streng Geschlechtertrennung an de Pausen: d’Jongen hunn am ronne Schoulhaff gespillt, d’Meedecher op der Strooss laanscht d’Haus « a Wiewesch ». Ass een (haaptsächlech vun de Jongen) erwëscht ginn, dass en op « d’Spillplaz » vun deem anere Geschlecht gaangen ass, gouf e bestrooft : en huet missen wärend der Paus dobannen am Schoulsall bleiwen. An e puer Etappen ass de Schoulhaff erweidert ginn, d’Maierchen an d’Gréngflächen si verschwonnen a makadamiséiert ginn, grad esou wéi och spéider d’Trap duerch den Haff. E Problem zu jidder Zäit war d’Ballspillen am Haff: De Ball ass gäer iwwert d’Gelänner erof op d’Strooss gesprongen, geflunn, geschoss ginn …. Hannendrunn sinn dann natierlech d’Kanner gelaf, fir de Ball erëmsichen ze goen, wat mat dem Verkéier ënnen op der Strooss net ongeféierlech war. Glécklecherweis ass do ni eppes geschitt. Stëppchesspillen war en anert flott Spill an do war besonnesch beléift, d’Duerchkrauchen duerch déi ronn Lächer an der Mauer hannert dem Bastelsall, fir dann erëm op deer aneren Säit zréck an den Haff ze kommen. D’Kanner hunn an der 90er Joren och Sprangspiller am Schoulhaff gemoolt. Schoulgaart, Pionnéier am Internet, …Zur Schoul huet ab ongeféier 1990 e Schoulgaart mat Weiher gehéiert, dee mat Hëllef vum « Coin de Terre et du foyer » a vun der Elterevereenegung, der Gemeng an « d'Wiisser Leit » mat de Kanner hannert dem Paschtoueschhaus ugeluegt gouf an deen all Joer d’Gelegenheet gebueden huet, fir e Gaardefest mat de Kanner z’organiséiren, op dat d’Elteren, d’Gemengepersonnalitéiten, d’Leit vum CTF an « d’Wisser Leit » invitéiert waren. An den 90er Joren war déi Wiisser Schoul eng vun deenen éischten am Land, wou de Computer zum Asaz duerch d’Kanner koum. Et goufen Geschichtebicher gedréckt, Schoulzeitungen lokal an esou guer international mat Klassen aus Südfrankräich erausginn. Jidfer Schüler hat seng Internetsäit, wou en seng Geschichten konnt publizéiren. ![]() 1985 : d’fënneft Schouljoer vu Wis gewënnt bei engem nationale Lidder-Concours vun RTL eng Rees mam Fliger op Paräis.
Nodeems d'Nettchen an de Bop vun Altwis op Léiler geplennert sinn, ass d'Schoul zougemat ginn. Kuerz duerno sinn an deem Gebai d'Musékscoursen vun der U.G.D.A. an der Munnerefer Gemeng organiséiert ginn. Vun 2015 un ass d'Gebai ëmgebaut ginn, fir sech de Besoien vum Museksunterrecht unzepassen. Den 23. September 2017 ass déi Muséksschoul ageweit ginn a Präsenz vum deemolegen Agrarminister Fernand Etgen, dem spéidere Chamberpresident. Schüler, déi op lokalem, nationalem an esou guer internationalem Plang méi bekannt gi sinnYves Braun, Baskettballspiller 1. Säit - - Plang vum Site ************************************************************************** Drécken Fir d'lescht geännert: 19/03/2025 @ 08:59:57 ![]() Fir den Inhalt vun dëse Säiten © 2025 Mir iwwerhuele keng Responsabilitéit fir den Inhalt bei externe Linken |