| Wat mir Wichteges, Flottes a Schéines erlieft hunn
Am Liewe passéieren esou vill schéin a flott a munchmol ganz wichteg Saachen, déi engem säi Liewen beaflossen a vläicht esou guer veränneren. Doriwwer wëlle mir hei schreiwen. Gebuertsdag: Den 10. März vun all Joer feiere BopAnNettchen zesumme Gebuertsdag mat der Famill. 2009 war dat den 120., 2010 den 122., 2011 den 124., 2012 ass et den 126., 2013 den 128., … Erliefnesser, déi hei ënnendrun virgestallt ginn un déi mer eis gäer erënneren, waren e.a.: |
Eis Bicherkëscht

Zënter 2018 steet virun eisem Haus laanscht d'Strooss eis Bicherkëscht. Do stelle mir an all déi aner Lieser, déi interesséiert sinn, hir Bicher dran. Déi kann da jidfereen ausléinen oder weiderverschenken, sou wéi et him gefällt.
|
Wëllkomm, Max!
 De 14. März 2015 ass de Max op d'Welt komm. Seng Grousseltere si ganz stolz op hien a wënschen him nëmme Guddes a sengem Liewen!
|
Wëllkomm, Lou!
 De 6. August 2013 ass de Lou op d'Welt komm. Seng Grousseltere si ganz stolz op hien a wënschen him nëmme Guddes a sengem Liewen! |
Les TREMUTH à Lieler et en Picardie

De gauche à droite: Colette Tremuth, Jean-Claude Corsyn, Annette Wollwert, Fernand Tremuth, Pascale Tremuth, Olivier Van Elsen
Après s’être retrouvés grâce à des recherches généalogiques sur internet, les Tremuth de Lieler et ceux de la Picardie - cousins du 5e degré ayant des ancêtres communs nés au Luxembourg à Assel, commune de Bous, en 1715 - se sont rencontrés en 2013 à Lieler pendant quelques jours très agréables. L'année suivante, nous avons eu la chance de nous revoir en Picardie. |
16.09.2011: Conveniat no 50 Joer
Viru 50 Joer sinn se op VIIe zu Clairefontaine ageschoult ginn. Dëst Joer hunn se sech erëmgesinn:

De Raym, den Emile, de Fuuss, de Fern, de Pierre, den Emile, de Marc, de Grill, de Rosch, de Moll, an de Romain, den Edy an den Tun (déi 3 läscht feelen op dëser Foto).
Dofir sinn si dann hei extra ofgebild:

Mat hire Meedercher

sinn se duerch d'Iwwerreschter vum Ermesinde-Klouschter gefouert ginn, hunn deene verstuerwene Kollegen a Pateren om Kierfecht geduecht, den Apéritif an der École Apostolique zum Beschte kritt, wou se de Pater Paul Birsens erëmgesinn hunn:

Si hunn am Restaurant "Bräiläffel" zu Klengbetten gutt z'Mëtteg giess an déi al Spiichten nach eng Kéier erzielt.
E gelongenen "Event", wann een den Echoe ka gleewen.
Allgemenge Wonsch: Mir sollen eis méi dax erëmgesinn!
|
2011: Jadon kënnt op d'Welt.
|
9.2.2011: Bonjour Cousines!
Pendant les recherches sur notre passé familial, nous avons découvert sur internet un arbre généalogique, celui de Pascale T. Nous nous sommes découvert des ancêtres communs ayant habité au Luxembourg; Pascale, sa sœur Colette et leurs familles habitent aujourd'hui en Picardie. Et quel hasard: Le même jour où nous nous sommes contactés pour la première par internet, Nettchen qui avait envie de passer quelques jours au bord de la mer, avait réservé une chambre d'hôtel au Crotoy en … devinez … en Picardie!!!! Bien sûr que nous avons profité de l'occasion pour nous rencontrer "en famille" et pour passer une excellente après-midi ensemble en Baie de Somme.  Ah, que le hasard fait bien les choses! Et merci à internet! |
28.04.2010: Gemittlechen Owend zu Darscheid an der Eifel
Bei engem kuerzen Trip duerch bekannt an onbekannt Ecken an der Eifel haten mer och d'Freed, eise Frënd a Webmaster vum Jacques Berndorf, den Chippy erëmzegesinn a mat him e ganz gemittlechen Owend am gudde Restaurant vum Kuchers Landhotel ze verbréngen.  Eise gudde Frënd Chippy Dobäi huet hien eis d'Heimatjahrbuch 2010 vun der Vulkaneifel geschenkt, wouran och Wierker aus senger Fieder veröffentlecht sinn. Gespréichsthemen waren e.a. och dat neit Buch vum Jacques Berndorf Nürburgpapiere an de Concert vum Christian Willisohn den 23. Oktober 2010 zu Strohn.
19. September 2009: Jacques Berndorf a Christian Willisohn zu Strohn an der Eifel. Mir erliewen e wonnerbaren Owend mat enger Liesung vum Jacques Berndorf (Zamiras Blus) begleet um Piano vum Christian Willisohn, dat Ganzt organiséiert e.a. vum , deen eis och Plazen an der éischter Rei reservéiert hat. "Umwerfend" waren och d'Zugaben vum Christian Willisohn, e Mann deen d'Musék lieft a schwätzt an esou bal net "de Mond zou kritt". 
|
30. an 31. August: Rallye 2008
Ideal Wierder hate mer op der Rallye 2008, déi organiséiert gouf vun an eis an d'Eifel gefouert huet op Spueren, déi vum Jacques Berndorfan sengem Krimi Eifel-Liebe geluegt goufen. Onbedingt ukucken! |
19. Juli 2008: Iwwerraschung zur Pensioun
|
Vun 2007 un: Nach en Nëssert!
Am Hierscht 2007 geplanzt, se wuessen a wuessen, de Philipp an de Charel …

2002 an 2003: Zoé an Noémie kommen op d'Welt.
|
01.04.2000 E gelongenen Abrëllswitz fir d'5. Schouljoer vu Wäiswampech
No dem Besuch vum Grand-Duc Jean an der Grande-Duchesse Joséphine Charlotte hat de Bop sech fir den 1. Abrëll e ganz besonneschen Abrëllswitz afale gelooss, fir seng léif Kanner aus dem fënnefte Schouljoer eranzeleeën.
|
2000 an 2001: Philipp a Charel
Zwee Bouwen, déi eis scho ganz vill Freed gemat hunn an dat och weider maachen.
|
Am Hierscht 1999: Den Dag vum Bam mam Grand-Duc Jean an der Grande-Duchesse Joséphine Charlotte zu Wäiswampech
1994 an 1995
1994 an 1995: Vanessa a Saskia kommen op d'Welt.
|
|