Zeienopruff:
D'Poliss aus dem Kanton Dräilännereck mécht en dréngenden Appell un all Leit mat Aen an Oueren, déi sech den 19., 20. oder 21. Juli 2010 am Raum Dräilännereck Léiler-Ouren-Sevenig opgehalen hunn, an déi méi wéi een net-Vermummten gesin hu schweessen an héieren hu käichen beim Oflueden an Opriichten vun enger eestämmeger Doppelskulptur mat ugelueten Flilléken a gefierften Zéiwenneel.
Hei e Bild vum Affer:

Se si liicht ze erkennen darunner, dass hinnen en türkisgielschwaarzt Befestigungsband am Unhänger feelt (cf. d'Foto hei ënnendrunn).

All Winnwéck, deen der Identifikatioun vun deene lusche Gestalten kann déngen, si wëllkomm op dëser Mailadress a ginn op Wonsch streng vertraulech behandelt. Eng héich Belounung ass ausgesat fir jidfereen, deen wertvoll Informatiounen zum Entstoen vun deenen zwee Holzkäpp an hirem Schöpfer resp. Liferant ka bäisteieren.22.07.2010: Mir sinn deene Schëllegen op der Spuer a wäerten se an den nächsten Deeg déngsfest maachen! Eng Rei den zoustännegen Autoritéite bekannte Persounen hun sech der Mathëllef un deer Dot schëlleg gemat a wäerten bei Gelegenheet zur Rechenschaft gezu ginn.23.07.2010: D'Fundament ass geluecht fir ze verhënneren, dass d'Affer entfouert gëtt.

25.07.2010: Och dee "Schëllegen" muss eng Hand mat upaken, fir op d'Plaz ze schleefen an d'Kräiz ënnen drunzeschrauwen. An dann den
30.07.2010 gëtt dat Monument opgeriicht:

01.08.2010: Lo steet et do do an iwwerwaacht eise Beréng.

Am Mee/Juni 2018 huet sech erausgestallt, dass d'Holz vun den Eilen gefault war. Mir hunn se missen ewegmaachen. Mir hunn awer och en extra schéinen Ersatz fond: Eisen Hugo.
Hie sëtzt beim Weiher a liest, Deeg an Nuechten duerch, ënnert den Aen vu senger Frëndin, dem Huguette.
Zwee Wierker vum Artist Kruft vun Niederprüm.