Sichen op eisem Site Sich hei no Informatiounen op eisem Site.
|
|  |
Sching Gréiss va Léiler!
Foto © BopAnNettchen
Am Laf vun der Zäit hu mir villes kenne geléiert an et hunn sech eng Rei Informatiounen ugesammelt; et wier schued, wann dat géif verluer goen. An dofir wëlle mir dat hei festhalen.
Ganz wichteg ass eis awer och, dass mer iwwer dëse Wee vun enger Internetsäit eng ganz Rei vun eise fréiere Schüler a Schülerinnen erëmfond hunn. Et ass ëmmer erëm schéin, sech iwwer fréier Zäiten auszetauschen an och ze gesinn, wat aus "eise" Kanner ginn ass. Mell dech rouech bei eis! Mir freeën eis op dech!
Nach villes bleift ze man. Mir schaffen drun! |
|  |
| | |  |  | >> 19. october 2008
D'ISS (international Raumstatioun) ass ënnerwee a ganz dax iwwer Lëtzebuerg ze gesinn, wann d'Wieder et erlaabt. Et erkennt een se um Nuetshimmel als deen hellste Punkt, deen sech gemittlech, ouni ze blénken an ouni Geräischer vu Westen no Osten weiderbewegt. Op dat haut och de Fall ass kënnt der hei iwwerpréiwen. Vill Spaas beim Nokucken!
|
|  |  | >> 02. october 2008
Besonnesch fir d'Leit aus dem Éisléck eng interessant Adress: De Cube 521 zu Maarnech! Hei den aktuelle Programm!
|
|
|