logo



Du bass hei:

Op eisem Site



Accueil
Nodenkleches:
Hobbyen
Schoul

Kontakt

    fir e Mail:
Générateur de code QR


PAGE untitled attachment link


All Fotoen zur Wiisser Schoul

D'Wiisser Schoul vun 1956 bis 1999



Schoul.GIF
Zeechnung vum Annette Tremuth-Wollwert

D’Schoul ass 1956 gebaut ginn. Déi Joreszuel stung mat roude Steng geschriwwen an der Entrée vun der Schoul : op der lénker Säit 19 an op der rietser Säit 56. Ageweit gouf se (« École merveilleuse » huet den deemolege Conseiller de gouvernement Winter se genannt) den 8. September 1957.

D’ Reportage aus dem Luxemburger Wort vum 11. September 1957 hei niewendrun.

Virdrun stung déi « al » Schoul op der Plaz virun der haiteger Grott.

alSchoul.jpg
Foto aus Jean-Pierre Molitor : Altwies und seine Ortsgeschichte

Léierpersonal 

Den Edouard Kieffer war éischte Schoulmeeschter an der « neier Schoul », 33 Joer laang Schoulmeeschter zu Altwis, dovun déi 10 lescht Joeren an der « neier Schoul ».

Bis 1965 war do nëmmen 1 Klass mat engem Schoulmeeschter, ab 1965 ass eng zweet Klass derbäi komm mat enger Léierin.

Léierpersonal zu Altwis vun 1956 bis 1999:

1957-1967 : Edouard Kieffer

1965-1970 : Mme Jung-Diederich

1967-1974 : Marc Schmit

1971-1999 : Annette Tremuth-Wollwert

1974-1999 : Fernand Tremuth-Wollwert

1976/1977 : Christiane Kohl

1977-1980 : Doris Hoffmann-Hansen

1992-1997: Pascale Goedert-Ries

1994-1997: Marianne de Waha-Marx

Verschidde Stagiairen hunn zu Altwis Schoul gehalen, dorënner och de spéidere Buergermeeschter vu Munneref, Roll Delles.

D’Kanner an der « neier Schoul »

Klassen mat de Kanner :

Bis 1961 1 Klass mat alle Kanner vu Wis aus 6 Schouljoren. 

No 1961 geet d’6. Schouljoer op Munneref, d’Kanner ginn am Ufank mam Taxi gefouert.

Vu 1965 un ginn et zwou Klassen: 4., 5.-a 6. Schouljoer beim Schoulmeeschter, 1., 2. an 3. bei der Léierin.

Nom Zesummeleeën mat de Kanner vu Munneref an Elleng war e 4. Schouljoer aus der ganzer Gemeng zu Wis beim Schoulmeeschter an en Deel vum 1. an 2. Schouljoer bei der Léierin.

Ab 1978 war en Deel vun de Kanner aus dem 5. resp. 6. Schouljoer aus der ganzer Gemeng beim Schoulmeeschter an en Deel vum 1. an 2. Schouljoer (meeschtens Altwis an Elleng) bei der Léierin.

An den 80er Joren waren d’Klassenefektiver ganz kleng ginn, do gouf et eng Klass zu Wis mat am 5. Schouljoer 3 Kanner an am 6. Schouljoer 8 Kanner.

Vun 1974 un war d’Wiisser Schoul souzesoen e Familljebetrib, wou am Ufank d’Mme an den Här Tremuth Joffer an Här Lehrer waren, herno waren dat d’Nettchen an de Bop.

Hei eng Foto vum Geschenk wéi d’Nettchen an de Bop zu Wis fortgungen mat den Nimm vun alle Kanner (an hirer Reliounsjoffer) aus deenen 2 leschte Klassen (wat jo och déi leschte Kanner waren, déi zu Wis an d’Schoul gungen) :

cadeau.jpg


D’Schoulgebai :

Lénks vum Schoulgank waren 2 Schoulsäll. Niewent deem grousse Schoulsall gouf et e Bastel- a Materialsall. Riets vum Schoulgank, deen och als Vestiaire gedéngt huet, waren d’Toiletten. Spéider ass en Deel vum Schoulgank ofgetrennt ginn, fir e klenge Schoulsall ze kréien (fir d’Morale laïque a fir Aarbechten a klenge Gruppen).

Am Keller waren Duschen. All Samsdes konnten d’Kanner an d’Leit aus dem Duerf do dusche goen. Bedéngt goufen d’Duschen vun der Tata Ketty (d’Mme Kremer Catherine). Si huet och ganz laang Joren d’Schoulgebai gebotzt.

Uewen op war de Festsall, dee vun de Kanner och als Turnsall, Theatersall, Danzsall, … gebraucht ginn ass.

De Festsall gouf och gebraucht vun de Veräiner : Fanfare Altwies, Fraen a Mammen, Wiisser Leit, Pingpong, Gesank, … fir Prouwen, Concerten, Solfège- an Instrumentecoursen, Training, Bazaren, Komitéssëtzungen a Generalversammlungen, Kachcoursen, Konferenzen, Réceptiounen, Éirewäiner, gemittlech Nomëtteger, Ausstellungen, Duerffest, …, als Muséksschoul, …

Wärend der Renovéirung vun der Kierch (1968) ass am Festsall d’Mass gehale ginn (Paschtouer Charles Graul).

Schoulhaff :

Am Ufank war de Schoulhaff nëmmen e Rondel mat Makadam, ronderëm eng kleng Maierchen. An deer Maierchen war e Sockel, op deem stung de Männchen. Dat war eng Sonnenauer aus Sandsteen.


maennchen.jpg





















Foto aus Jean-Pierre Molitor : Altwies und seine Ortsgeschichte

De Männchen ass bei der Vergréisserung vum Schoulhaff ofgerappt ginn. Nëmmen de Kapp ass aus dem Bauschutt gerett ginn a louch bis 1999 am Bastelsall an der Schoul.

Duerch de Schoulhaff goung schif erof eng breet Trap vun der Entrée (Préau) bis erof an de Wee laanscht de Kierfecht. Laanscht d’Schoulgebai, ronderëm dee klenge Schoulhaff a lénks niewent der Trap waren Planzen a Gestraich ugeluegt ginn. Déi Buedem-Plazen waren natierlech e Problem, besonnesch bei naassem Wieder.

An den éischte Joren war streng Geschlechtertrennung an de Pausen: d’Jongen hunn am ronne Schoulhaff gespillt, d’Meedecher op der Strooss laanscht d’Haus « a Wiewesch ». Ass een (haaptsächlech vun de Jongen) erwëscht ginn, dass en op « d’Spillplaz » vun deem anere Geschlecht gaangen ass, gouf e bestrooft : en huet missen wärend der Paus dobannen am Schoulsall bleiwen.

An e puer Etappen ass de Schoulhaff erweidert ginn, d’Maierchen an d’Gréngflächen si verschwonnen a makadamiséiert ginn, grad esou wéi och spéider d’Trap duerch den Haff.

E Problem zu jidder Zäit war d’Ballspillen am Haff: De Ball ass gäer iwwert d’Gelänner erof op d’Strooss gesprongen, geflunn, geschoss ginn …. Hannendrunn sinn dann natierlech d’Kanner gelaf, fir de Ball erëmsichen ze goen, wat mat dem Verkéier ënnen op der Strooss net ongeféierlech war. Glécklecherweis ass do ni eppes geschitt.

Stëppchesspillen war en anert flott Spill an do war besonnesch beléift, d’Duerchkrauchen duerch déi ronn Lächer an der Mauer hannert dem Bastelsall, fir dann erëm op deer aneren Säit zréck an den Haff ze kommen.

D’Kanner hunn an der 90er Joren och Sprangspiller am Schoulhaff gemoolt.

Schoulgaart, Pionnéier am Internet, …

Zur Schoul huet ab ongeféier 1990 e Schoulgaart mat Weiher gehéiert, dee mat Hëllef vum « Coin de Terre et du foyer » a vun der Elterevereenegung, der Gemeng an « d'Wiisser Leit » mat de Kanner hannert dem Paschtoueschhaus ugeluegt gouf an deen all Joer d’Gelegenheet gebueden huet, fir e Gaardefest mat de Kanner z’organiséiren, op dat d’Elteren, d’Gemengepersonnalitéiten, d’Leit vum CTF an « d’Wisser Leit » invitéiert waren.

An den 90er Joren war déi Wiisser Schoul eng vun deenen éischten am Land, wou de Computer zum Asaz duerch d’Kanner koum. Et goufen Geschichtebicher gedréckt, Schoulzeitungen lokal an esou guer international mat Klassen aus Südfrankräich erausginn.

comenius1.jpg  Comenius2.jpg schoulzeitung2_1.jpg

Jidfer Schüler hat seng Internetsäit, wou en seng Geschichten konnt publizéiren.

1980 : éischt Classe verte vun der Gemeng : d’6. Schouljoer vu Wis fiirt 14 Deeg op Fiesch an der Schwäiz.




1985 : d’fënneft Schouljoer vu Wis gewënnt bei engem nationale Lidder-Concours vun RTL eng Rees mam Fliger op Paräis.

paris.jpg
En Deel vun de Kanner zu Paräis op der Place du Tertre


Nodeems d'Nettchen an de Bop vun Altwis op Léiler geplennert sinn, ass d'Schoul zougemat ginn. Kuerz duerno sinn an deem Gebai d'Musékscoursen vun der U.G.D.A. an der Munnerefer Gemeng organiséiert ginn. Vun 2015 un ass d'Gebai ëmgebaut ginn, fir sech de Besoien vum Museksunterrecht unzepassen. Den 23. September 2017 ass déi Muséksschoul ageweit ginn a Präsenz vum deemolegen Agrarminister Fernand Etgen, dem spéidere Chamberpresident.

Aweihung_Museksschoul.jpg

Zousätzlech Fotoen an Infoen kann een och nach op de Klassesäite
 fannen.


Schüler, déi op lokalem, nationalem an esou guer internationalem Plang méi bekannt gi sinn

Yves Braun, Baskettballspiller
Nathalie Büchler, Hôtelière a Mexiko
Christian Kohn, Restaurateur zu Altwis
Paulette Lenert, Riichterin, Gesondheetsministesch
Steve Reckel, Schäffen an duerno Buergermeeschter zu Munneref
Frank Schleck, Velosprofi an 3. am Tour de France 2011
Steve Schleck, Schäffen vun der Gemeng Munneref
Jeff Strasser, internationale Fussballprofi
Jeff Schmit, Direkter vum Prisong Ueschterhaff

Zréck zur Säit vun de Schoulklassen.

Traduction
Stop
Traduction
Stop
Traduction
Stop
Traduction
Stop


**************************************************************************
1. Säit - - Plang vum Site
**************************************************************************


Drécken
Fir d'lescht geännert: 02/03/2024 @ 16:52:30
Générateur de code QR
olefa banner

Fir den Inhalt vun dëse Säiten © 2024
Mir iwwerhuele keng Responsabilitéit fir den Inhalt bei externe Linken