logo



Du bass hei:

Op eisem Site



Accueil
Nodenkleches:
Hobbyen
Schoul

Kontakt

    fir e Mail:
Générateur de code QR


PAGE untitled attachment link

Trëppeltier duerch a ronderëm Altwis


Am Januar 1985 ass mat vill Begeeschterung d'Vereenegung "d'Wiisser Leit" gegrënnt ginn. Am Hierscht vum selwechte Joer huet de Comité vun deem Veräin d'Leit vu Wis an Ëmgéigend invitéiert, fir mat hinnen duerch d'Duerf ze trëppelen. Et sollt dat en Tour ginn, fir d'Duerf besser kennen ze léieren, en Tour duerch manner bekannte Gaasse vun Altwis, duerch déi ee meeschtens net geet an déi vill Leit nach iwwerhaapt net ze gesi kruten.

Deen éischten Trëppeltour huet dann och gewisen, dass d'Leit wierklech an hirem Duerf, senge Leit, senge Gebaier, senger Geschicht interesséiert waren. Dat huet "d'Wiisser Leit" dann derzou bruecht, fir all Joer am Hierscht esou e klengen Trëppeltour vun e puer Kilometer z'organiséieren. Mir sinn duerch a ronderëm d'Duerf gaangen a vun Zäit zu Zäit si mer stoe bliwwen, fir engem Kommentar nozelauschteren.

molitor.jpeg
Zesummegestallt ginn ass dee Kommentar vum deemolege Schoulmeeschter aus Bicher a Broschüren, déi am Laf vun de Joren iwwert Altwis geschriwwe goufen. Et sinn dat un éischter Plaz d'Buch vum Här Jean-Pierre Molitor (Altwies und seine Ortsgeschichte, 1939) an d'Chronik vum Här Lé Tanson (Chronik der Stadt und Gemeinde Bad Mondorf). Villes awer och, munch Anekdoten sinn eis verzielt ginn vun de Gesëschter Leick (May, Jhempy, Jos) vun Altwis. Een Deel och vun den Donnéeën gouf vun de Schoulkanner vu Wis, déi an de Joren 1982-1984 eng Aarbecht iwwert Altwis, seng Haiser, seng Geschicht an Entwécklung am Kader vum "Éveil aux sciences" gemat hunn. 

Bei deene 5 Trëppeltier, déi hei presentéiert ginn, hu mer ze soen all wichteg Plaz vu Wis gesträift, sou dass dëst e klengen Iwwerbléck gëtt vu Wëssenswertem iwwert eist Duerf. 

Et sinn dat: 

1. Tour, 3. November 1985
- Ronderëm d'Duerf

2. Tour, 26. Oktober 1986 mat den Etappen:
- Beim Wäschbuer
- A Mecher
- Grouf
- Heedefeldchen

3. Tour, 8. November 1987 mat den Etappen:
- am Lothréngen beim Haus Feipel
- Uewen op der Held
- Beim ofgerappten Douaniershaischen (Kräizung Himeléng - Mondorff/Moselle)
- Ënne beim Kaaschtelbierg
- Op dem Kaaschtel
- Bei der Kräizkapell

4. Tour, 6. November 1988 mat den Etappen:
- Parking an der Kaz
- A Kickeschbann
- Bei Wouer
- An der Bréim

5. Tour, 5. November 1989 mat den Etappen:
- Bei der Grott
- Um Dierbelt
- Op der Dresch
- Bei Hänkes an der Bieleschgaass


kaartAltwis.jpeg


 




**************************************************************************
1. Säit - - Plang vum Site
**************************************************************************


Drécken
Fir d'lescht geännert: 02/03/2024 @ 16:52:30
Générateur de code QR
olefa banner

Fir den Inhalt vun dëse Säiten © 2024
Mir iwwerhuele keng Responsabilitéit fir den Inhalt bei externe Linken