logo



Du bass hei:

Op eisem Site



Accueil
Nodenkleches:
Hobbyen
Schoul

Kontakt

    fir e Mail:
Générateur de code QR


PAGE untitled attachment link

Themen


Wat eis wichteg ass
- La recherche du bonheur
- 7 Glücksregeln
-  Gedanken, déi engem esou kommen …

Wat mir erlieft hunn



Éierlechkeet - Honnêteté


Éierlechkeet ass de Fong vu jidfer sozialer Relatioun, wann se gutt soll funktionéieren.

Éierlechkeet virun sech selwer: sech kloer ginn, iwwert d'Motiver, déi ee bewegen, dat eent oder dat anert ze maachen. Firwat maachen ech dat? Wat wëll ech erreechen? Firwat maachen ech dat esou an net anescht? Sinn ech bereet, mäin Handeln a meng Motiver a Fro ze stellen?

Éierlechkeet vis-à-vis vun deenen aneren: Wa mer wëllen gutt zesumme liewen, ouni dass Mësstéin a Sträit eropkommen, musse mer eis een op deen anere verloosse kënnen. Wat net wëllt heeschen, dass een net seng Meenung a seng Astellung kann änneren, ganz am Géigenteel: an éierlechem Mateneen ka jidfereen sech weiderentwécklen a jidfereen Hëllef kréien, fir sech weiderzeentwécklen.

Éierlechkeet ass och de Fong fir géigesäitegt Vertrauen. Ouni Vertrauen léisst ech sech schlecht zesumme liewen. Ouni Vertrauen entsteet Angscht an Onsécherheet, déi dann och erëm Reaktiounen ausléisen, déi kaum zu engem besseren Zesummeliewe féiere kënnen. Feelend Vertrauen zerstéiert Léift (Partnerschaft), zerstéiert sozial Kontakter (Famill a Frëndschaft), zerstéiert och d'gesellschaftlecht Liewen (Institutiounen, Gesondheetswiesen, Wirtschaft, …).

Zitater zur Éierlechkeet


L'honnêteté est l'essence de toute relation sociale qui se veut productive.

Honnêteté envers soi-même: se rendre compte des motivations qui nous dirigent dans nos actions et qui influencent notre comportement. Pourquoi est-ce que je fais cela? Pourquoi est-ce que je le fais de cette façon et non d'une autre? Suis-je prêt(e) à mettre en questions mes motivations et mes actions?

Honnêteté envers les autres: Toute vie commune profitable à tous exige une confiance mutuelle. Cette confiance ne peut se créer que si l'on fait preuve d'un comportement honnête. Le manque de onfiance engendre la peur et l'insécurité qui génèrent des comportements peu profitables à une vie sociale commune. Dans un climat de confiance, chacun peut se développer et trouver la place qui lui incombe et avec laquelle il peut s'identifier et se sentir valorisé. Le manque ou l'absence de confiance détruit l'amour (partenaire), détruit les contacts sociaux (famille et amis), détruit également toute vie en société (institutions, médecine, économie).

L'honnêteté est le fondement de toute confiance. Si les hommes ne sont pas honnêtes les uns vis-à-vis des autres, la vie commune est très difficile. Le manque d'honnêteté fait surgir l'incertitude et la peur qui eux provoquent des réactions ne favorisant guère une cohabitation saine et profitable à tous. Le manque de confiance détruit l'amour, les contacts entre les personnes et les institutions de toutes sortes (domaine public, santé, économie, …).

Citations sur l'honnêteté

Respekt - Respect


Géigesäitege (!!!) Respekt ass onbedéngt noutwendig, wa jidfereen an enger Communautéit seng Plaz soll fannen. Deen anere respektéieren an deem, wat en ass, an deem wéi en ass, an deem, wat a wéi e wëllt ginn; a senger Persoun, senger Iwwerzeegung, senger Entwécklung.

Zum Respekt gehéiert och, dass een deem aneren Zäit a Gelegenheet gëtt, fir seng Plaz ze fannen, sech eng Meenung ze bilden an eventuell seng Meenung ze änneren.


Le respect mutuel (!!!) est indispensable si chacun veut trouver sa place au sein d'une communauté. Respecter l'autre en tant que personne, respecter les convictions de l'autre, respecter son développement.

Le respect laisse également à chacun le temps et l'occasion de trouver sa place, de se construire une conviction et de changer de conviction.

Verantwortung - Responsabilité


Verantwortung muss jidfereen iwwerhuelen.

Un éischter Plaz ass dat Verantwortung fir sech selwer, fir säin eegent Liewen, fir seng Actiounen, fir säi Verhalen a fir seng Entwécklung. Dat huet natierlech zur Konsequenz, dass jidfereen selwer duerch seng Astellung a säin Handelen fir säi Gléck verantwortlech ass.

Da muss awer och jidfereen Verantwortung fir déi aner mat iwwerhuelen, fir dat, wat an deer mënschlecher Gesellschaft geschitt a gemat gëtt, an deer hie lieft, vun deer hien profitéiert, déi him e Liewensraum gëtt an fir deer hier Entwécklung hien säi Bäidrag soll leeschten.


Chacun doit assumer sa responsabilité.

Tout d'abord la responsabilité pour lui-même, pour sa vie, ses actions, son comportement et son développement. Ce qui a pour conséquence que chacun est lui-même responsable pour son bonheur par son attitude, ses actions et son comportement.

Chacun doit de plus assumer la responsabilité pour les autres, pour la société dans laquelle il vit, qui lui offre un espace de vie, dont il profite et au développement de laquelle il doit contribuer.

Zitat aus dem Buch Minimex von Horst W. Opaschowski:

Die Zukunft (wird) eine Ära der Verantwortung sein. Als wichtigste Zukunftskompetenz z.B. für die Erziehung von Kindern schätzt die Bevölkerung "Verantwortung übernehmen können" ein.

Famill a gutt Frënn - Famille et bons amis


De Mënsch ass e sozialt Wiesen. Hie kann net eleng liewen an iwwerliewen. Ganz wichteg ass fir d'Liewensëmfeld vu jidferengem, dass en an enger Gemeinschaft ka liewen, an deer hien seng Plaz huet, déi him wichteg ass an fir déi hie wichteg ass. Net ze ënnerschätzen ass déi emotional Komponent, déi esou eng Gemeinschaft zesumme schweesst.

Fir vill Mënschen ass esou eng Gemeinschaft seng Famill, an deer hien op d'Welt koum, déi hie gäer huet (am duebele Sënn); fir eng Rei Mënschen kann dat awer och e Frëndeskreess sinn, deen déi Konditiounen erfëllt. Näischt verhënnert, dass déi zwou Gemeinschaften (Famill a Frënn) sech géigesäiteg ergänzen.
Wichteg ass, dass an deer Gemeinschaft ee fir deen aneren do ass, jidfereen bei sengen Iwwerleeungen och d'Interessi vun deenen aneren mat aschléisst; hëlleft, mat senge méigleche Mëttelen, do wou Hëllef néideg ass; deenen aneren aus deer Gemeinschaft hier Meenung respektéiert.

Wien sech zu enger Gemeinschaft bekennt, erkennt automatesch de Prinzip un, dass d'Wuelbefannen vun der ganzer Gemeinschaft Virrang huet virun dem Wuelbefannen vu jidfer eenzelnen. Jidfereen ass och verpflicht, säin Deel zum gudde Funktionéieren vun deer Gemeinschaft an dem Wuelergoen vu jidferengem an deer Gemeinschaft bäizedroen. D'Gemeinschaft huet awer och d'Pflicht derfir ze suergen, dass jidfer eenzelnen dat gréisst méiglecht Wuelbefannen an der Gemeinschaft kann erfueren.

Esou eng Gemeinschaft bitt de beschte Fong fir jidfereen, sech selwer kënnen ze entwéckelen an ze realiséieren, Hëllef ze kréien, wann se gebrauch gëtt, an obgefaang ze ginn, wann een emol fällt.

Liesenwert an deem Kontext: Frank Schirrmacher, Minimum an och Horst W. Opaschowsky, Minimex



D'Sozial-Form Famill ass speziell, schonn eleng doduerch, dass se zu engem groussen Deel och Gefiller an Emotioune bidd, wéi se a kenger anerer Sozial-Form unzetreffe sinn.
D'Ewechfale vun enger Sozial-Form Famill huet och zur Konsequenz, dass all déi Virdeeler, déi déi Sozial-Form bidd, ewechfalen; ech denken do haaptsächlech un d'Kannererzéihung, d'Problemléisungshëllef bei Jugendlechen an Erwuessenen, an d'Altersversuergung, déi alleguer an engem méi oder manner groussem Mooss vun der Famill an enger Form gebuede ginn, wéi soss keng Sozial-Form dat kann. Déi Besoinën an Hëllefen ginn doduerch ëmmer méi un d'Allgemengheet erugedroen, déi schlussendlech iwwerfuerdert gëtt an net wäert am stand sinn, déi Roll ze iwwerhuelen an déi noutwendeg Hëllef unzebidden.


L'homme est un être social. Il n'arrivera ni à vivre, ni à survivre tout seul. Pour son environnement vital, il est important que l'homme se retrouve au sein d'une communauté qui lui permette de vivre, où il trouvera une place importante qui le valorise. L'émotionalité qui réunit cette communauté est un facteur à ne pas négliger.

Pour beaucoup d'hommes, cette communauté, c'est la famille où il est né, qui l'a accueilli et qui l'aime; pour un certain nombre d'hommes, cette communauté, c'est le cercle des amis qui lui offre les mêmes conditions de vie. Rien n'empêche que ces deux communautés se complètent mutuellement.
Ce qui est important dans ces communautés, c'est qu'on soit prêt à s'engager les uns pour les autres, qu'on prenne toujours égard aux intérêts des autres, qu'on aide dans la limite de ses possibiltés là où l'on a besoin d'aide, qu'on respecte au sein de cette communauté les convictions et les idées des autres.

Celui qui accepte d'être membre d'une communauté accepte automatiquement le principe que le bien-être de la communauté prime le bien-être de chacun de ses membres. Chacun est dans l'obligation de contribuer au bon fonctionnement de cette communauté et au bien-être de ses membres. En contrepartie, la communauté est obligée de veiller à ce que chacun de ses membres puisse profiter du maximum de bien-être dans cette communauté.

Une communauté pareille offre les meilleures garanties de développement personnel à tous ses membres, elle offre, le cas échéant, l'aide nécessaire en cas de malheur ou d'égarement.

La famille en tant que communauté sociale est tout à fait spéciale si ce n'est que par le fait qu'elle offre des possibilités d'échanges de sentiments et d'émotions qu'on ne retrouve pas sous cette forme dans d'autres formes sociales. La suppression de la forme sociale qu'est la famille entraîne également la perte de tous les avantages qu'elle offre, et tout spécialement dans le domaine de l'éducation des enfants, de l'accompagnement des jeunes lors de leur évolution et des adultes lors de situations et de développements problématiques, des soins pour personnes âgées … Tous ces domaines peuvent être pris en charge par la famille d'une façon qu'aucune autre forme sociale ne peut offrir. Ces besoins sont donnés en charge à la société qui, à la longue, sera dépassée par l'envergure des prestations à fournir et ne pourra plus les assurer de façon satisfaisante.

Mënscherechter a Mënschepflichten


D'Fundament vum Zesummeliewen an eiser Gesellschaft (lokal, national, international) besteet aus gemeinsame Werter. Si sinn definéiert an de Mënscherechter, op déi mer eis geeenegt hunn. Et ass evident, dass déi Rechter, déi mer eis géigesäiteg wëllen zougestoen, ëmmer kënnen erweidert ginn, je no der Communautéit, an deer mer liewen. Méi gemeinsam [[Mënscherechter:www.amnesty.de/alle-30-artikel-der-allgemeinen-erklaerung-der-menschenrechte] sinn en Zeeche vu méi Mënschlechkeet. Mënscherechter implizéieren automatesch Mënschepflichten.

Rechter kann een afuederen, awer d'Rechter vun deem engen sinn och begrenzt duerch d'Rechter vun deem aneren. D'Afuederen dervunn kann also nëmmen esou laang akzeptéiert ginn, wéi et deem aneren seng Rechter net beschneit. Datt dat net ouni Problem kann erofgoen ass jidferengem kloer a Léisungen vun esou Konflikter sinn nëmmen am géigesäitegen Accord méiglech. Bewosst musse mer eis sinn, dass op d'längst et eis nëmme besser geet, wann et eis all, also och deenen aneren besser geet.

Mënschepflichten si grad esou wichteg wéi Mënscherechter (cf. Artikel 29 vun de Mënscherechter). Sou ass déi éischt Pflicht vu jidfer Mënsch, deenen aneren hier Rechter ze respektéieren an ze versichen, jidferengem säi Recht ze verschafen.





Le fondement de notre société humaine (locale, nationale, internationale) consiste dans les valeurs communes. Elles sont définies par les Droits de l'Homme sur lesquels nous sommes tombés d'accord. Il est évident que nous pouvons étendre d'un commun accord les Droits de l'Homme que nous voulons accorder à tous selon la communauté dans la quelle nous vivons. Un nombre plus important de Droits de l'Homme sont le signe d'un plus grand humanisme. Les Droits de l'Homme impliquent automatiquement les Devoirs de l'Homme.

Nous pouvons exiger le respect de nos Droits de l'Homme, mais cette exigence est limitée par l'exigence du respect des droits des autres. Nous ne pouvons accepter cette exigence de nos droits que tant que les droits des autres n'en sont enfreints; cela provoquera certainement des conflits qui ne pourront être résolus que d'un commun accord. Nous devons prendre conscience qu'à la longue notre bonheur ne sera garanti que si tous, donc les autres également, ont accès à ce bonheur.

Les Devoirs de l'Homme sont aussi importants que les Droits de l'Homme (cf. article 29 des Droits de l'homme). Ainsi il est du devoir d'un chacun de respecter les droits des autres et d'aider les autres à parvenir à leurs droits.


Gedanken, déi engem esou kommen …



vogel_frei.jpg

De Mënsch strieft no Fräiheet. Erreechen wäert en se awer ni. Mir kënnen net fräi sinn, well mir sinn ageschränkt
duerch eis Virurteeler,
duerch eis Wënsch,
duerch eis kierperlech, geeschteg a psychologesch Méiglechkeeten,
duerch eis Astellung zu deenen aneren Mënschen,
duerch deenen anere Mënschen hier Astellungen an hiert Behuelen,
duerch d'Informatiounen, déi mer hunn, déi mer kréien oder déi mer net wëllen zur Kenntnis huelen

Eng genau Definitioun vum  Begrëff  Fräiheet kënnt eis hëllefen, op d'mannst een Deel Fräiheet ze erreechen.






verantw.jpg

Et ass wichteg, besonnesch haut, wou den Interesse vum Eenzelnen ganz vill am Mëttelpunkt steet, de Sënn fir Responsabilitéit ze entwéckelen, an dat och scho bei de Kanner (an de Schoulen an doheem). Dozou gehéiert och d’Virausgesinn vu Konsequenzen vum eegenen Handelen, net nëmme fir sech selwer, mee och d’Konsequenzen fir eis Matmënschen an eist Ëmfeld.

Et kann een net ëmmer alles maachen, wat méiglech ass. All Handelen huet Konsequenzen fir eis a fir d’Welt ronderëm eis. Déi Konsequenzen muss een am Viraus no Méiglechkeet mat bedenken a mat aplangen.

Haaptcritère beim Handelen muss d’Wuel vu jidfer eenzelnen a besonnesch och vun der Allgemengheet sinn.

Globaalt Handelen erfuerdert dofir och bedenken vu globale Konsequenzen.




schein2.jpg

Lief däi Liewen! Vergläich dech an däin Handelen net mat aneren. Et ass net wichteg, wat anerer vun dir a vun dengem Handelen denken. Däi Sinn an däin Handelen soll zu dengem Gléck bäidroen. Lief däi Liewen an net deenen aneren hiert.




Gedanken.jpeg

* Iwwert eis Gedanke si mer net onbedéngt Meeschter; Meeschter awer si mer iwwer dat, wat mer soen. Net all Gedanken muss een ausschwätzen. 

* Eis Gedanken a Meenungen iwwer aner Mënschen an hir Handlungen sinn oft Viruerteeler. Wa mer déi Gedanken ausschwätzen, ginn et Uerteeler. D'Gefor besteet dobäi, dass et Feeluerteeler sinn, a Feeluerteeler riichte ganz gär vill Schued un.



schwaetzen.jpg

* Schwätze soll een sech gutt iwwerleeën, domat ass et wéi mam Ketchup: eppes wat ee gesot huet, ass gesot a kann een net méi zréck an de Mond maachen.

* Beim Schwätzen kann een sech ëmmer 3 Froe stellen:
1. ass dat wouer, wat ech wëll soen, weess ech dat ganz sécher?
2. ass et onbedéngt néideg ze soen, wat ech wëll soen?
3. ass et frëndlech, léif, wat ech wëll soen?

Ass eng oder méi vun deene Froen mat "Neen" ze beäntwerten, soll een sech gutt iwwerleeën, ob een net besser de Mond soll halen.





covid.jpg

17. Abrëll 2021: Am Moment, an der Covid-Kris, geet d'Mënschheet duerch eng zimlech haart Schoul. Ganz vill kënne mer alleguer doraus léieren, Politiker esou gutt wéi all aner Bierger. Ob mer allerdéngs eppes dobäi léieren, hänkt vu jidferengem selwer of.







**************************************************************************
1. Säit - - Plang vum Site
**************************************************************************


Drécken
Fir d'lescht geännert: 02/03/2024 @ 16:52:30
Générateur de code QR
olefa banner

Fir den Inhalt vun dëse Säiten © 2024
Mir iwwerhuele keng Responsabilitéit fir den Inhalt bei externe Linken