1900Adolph Demuth (1864 in Colbette geboren, 10.8.1891 geweiht, Kaplan Fischbach/Clerf, Dellen und Sandweiler, Pfarrer in Lieler, Wahl und Weicherdingen, in Pension in Junglinster, wo er am 20.4.1954 stirbt) ist Pfarrer in Lieler. Er veranlasst einen Neuanstrich der Kirche innen und außen, dasAnbringen von Dachfenster auf der Empore, die Aufstellung von Öfen in Sakristei und Kirchenschiff, das Verlegen eines neuen Bodenbelags aus Lehmplatten, den Kauf neuer Chormäntel und das Aufstellen eines Sicherheitstabernakels auf dem Hauptaltar.
1901
Dokumentsammlung Jpc12. März: Gründungsversammlung der
Genossenschaftsmolkerei. Pfarrer Demuth überzeugt die Bauern des Dorfes vom Nutzen der Gründung einer Molkerei. Ein Drittel der Bauern sind von Anfang an dabei. 1914 erst tritt dann der letzte Bauer des Dorfes der Molkereigenossenschaft bei.
Am 19. März werden die Gerätschaften von E. Grethen aus Luxemburg "a Jängelen" errichtet; am 20. März werden die ersten 100 Liter Milch entrahmt. In der Molkerei arbeiten Maria Freres und Anna Schroeder unter der Leitung von Madame Funck.
Am 26. März wird die erste Kiste Butter an den Zentralverband geliefert, am 30. März die zweite Kiste.
Präsident der Genossenschaft ist Pfarrer Demuth, Vizepräsident Nic. Wilmes, Sekretär Lehrer Bengel, Kommissare sind Ch. Reiffers und H. Eicher. Sie wurden von den 22 Mitgliedern der ersten Generalversammlung gewählt.
1901/1902 wurde dann eine neue Molkerei erbaut; sie befand sich zwischen der späteren Raiffeisen-Kasse und dem Haus Leiber auf "Burren". Dazu musste man sich in Höhe von 4.000.- Franken verschulden, die aber 1903 schon zurückbezahlt wurden.
(Zusätzliche Informationen zur Molkereigenossenschaft sind zu finden in der Veröffentlichung "Fanfare des Trois Frontières Lieler, 1933-1973" und in der Broschüre "Fanfare des Trois Frontières, 50e anniversaire, 1933-1983, Lieler".)
Der Vorstand des
Lokalvereins (das genaue Gründungsjahr ist nicht mehr festzustellen) setzte sich 1901 zusammen aus:
Präsident: Nic. Wilmes
Sekretär: Lehrer Bengel
Mitglieder: Schleich J., Eicher H., Reiffers Ch.
1902Zu Léiler ginn 63 Kanner an d'Schoul, 39 Jongen a 24 Meedercher. De Schoulsall ass bal ze kleng, sou gëtt 1905 eng nei Schoul gebaut.
19054. Januar: Den Hubertus Jetzen gëtt zu Léiler als Jong vum Johann Jetzen an dem Catharina Theis gebuer. Hien trëtt der Congregatioun vun den Oblate vun der onbefleckter Empfängnis bäi, gëtt den 10. Juni 1932 zum Priester geweiht an ass Missionar zu Mokala am Belsche Congo.
D'Schoul zu Léiler niewent der Kierch (ee Klassesall) gët gebaut.
19066. Oktober: De Paschtouer Demuth feiert säin Abschied aus der Par Léiler.
15 "Schneewerfer", déi Schnéi an de Kamäin vun der Genossenschaftsmolkerei geworf haten, wouduerch dann de Giewel gerass ass, musse jidfereen 5 Sous Schuedenerssatz bezuelen.
1907-1912Peter Keiser (1872 zu Todler gebuer, 10.8.1897 geweiht, Coadjutor am Pensionnat zu Dikkrech, Vikar zu Bouneweg, Paschtouer zu Léiler, Kielen, Consthum an zu Kautebaach, 29.3.1937 als Rektor am Pensionnat zu Woltz gestuerf) ass Paschtouer zu Léiler. Hie beschäftegt sech vill mat der Geschicht vu Léiler an hannerléisst bei sengem Dout e "Manuscript über die Lieler Geschichte". Och de Pater B.J. Thiel O.S.B. - cf. 1955 - inspiréiert sech un deem Wierk.
1909Ënnert dem Paschtouer Keiser ginn d'Statiounen aus der Kierch vu Léiler eng zweete Kéier (cf. 1848) un d'Kapell vu Bréidelt zum Präiss vu 50 Frang.
Missioun vun de Redemptoristepateren Ruhrmann a Rollmann vu Lëtzebuerg.
1910Ab 1910 léisst de Paschtouer Keyser d'ganz Kierch zu Léiler restauréiren. Hie krut de 25. Mee 1910 e Subsid vun 400 Frang vum Charles de Waha, Generaldirekter vun den öffentleche Bauten. Ugeschaaft goufen nei Bänken fir d'Kanner an eenzelner fir Erwuessener, en hellegt Graf, e Paramenteschaf, en Uewen, zwee Käerzeliichter mat 5 Äerm.
Missiounserneierung vun de Redemptoristepateren Ruhrmann a Rollmann.
1912Triduum an der Kierch vum Jesuitepater Atten.
5. Mäerz: Den Här Schroeder gëtt zum Paschtouer zu Léieler genannt an de 25. Mäerz installéiert. Hie war 1878 zu Péiténg gebuer, 1903 geweit ginn a Kaploun zu Dellen. Vu 1920 bis 1941 ass e Paschtouer zu Viichten a geet duerno op Rolléng/Miersch an d'Pensioun. Hie léisst d'Kierchebänken erneieren a schaaft e Kierchenornament aus Goldbrokat un.
1917D'"Pompjeeën" gi gegrënnt. Grënnungsmembren sinn: Jean Graf, Mich. Linden, Jean Freichel, Vic. Reitz, Henri Blasen, J. P. Werner, Bern. Eicher, Vic. Heinen, Jennes Freichel, Paul Eicher, Jos. Reiffers, Nic. Heinen, Jos Fairon, J. P. Frères, Anton Milbert, Anton Leiber, Mich. Ehlen, Christ. Reitz, Franz Spartz, Jos. Reitz, Jos. Faber, Jacques Werner, Peter Lentz, Mich Lentz, Nic Wollwert, Nic. Eicher, Jean Reitz, Thomas Ehlen, Nic Werner, Nic Schmitz.
1920-1927De Jacobus Kreins, gebierteg vun Hëpperdang, ass Paschtouer zu Léiler. 1910 geweit, ass e bis 1915 Koadjutor an der Handwierkerschoul an der Stad, Vikar zu Wuermer an zu Duelem (bei Munnerëf). De 17. September gëtt en zuu Léiler ernannt an den 13. Oktober installéiert. Vu 1927 bis 1936 ass e Paschtouer zu Maarnech, geet duerno op Clierf an d'Pensioun a stierft 1954. Hie léisst den Altoer nei usträichen an d'Kommiounsbänk opriichten; déi ass e Geschenk vum Johann Schreyer, deen aus Amerika zréck koum. Si gouf hiergestallt vum Schréngermeeschter Thill vu Clierf.
31. Juli 1927Fahnenweih bei de Pompjeeën.
1925Et gi vill Ustrengungen ënnerholl (Interventioune bei Ministeren, Senatoren, Deputéierten, Buergermeeschter, Paschtéien an Dechen, souguer e spanesche Konsul mëscht sech an), fir eng Strooss Léiler-Ouren bauen ze loossen.
19264. - 14. November: Missioun vun de Redemptoristepateren Kugel an Thewes aus der Stad.
1927-1931Den Här Joseph Blaise ass Paschtouer zu Léiler. Hie gouf 1859 zu Rued (Osper) gebuer, 1890 geweit a war Paschtouer an der Belsch. Mat 67 Joer als Pensionnär ass en op Léiler komm, well am Lëtzebuerger Land Priestermangel war. 1931 ass en dann an d'Klouschter op Réiden/Atert gaang. Am Alter vu 84 Joer gestuerf.
1931Léiler huet keen eegene Paschtouer, Parverwalter ass den H. Johann Boever, Paschtouer zu Hengescht. D'Sonndesmass gëtt gehale vum Pater Wagner aus der Clierfer Abtei.
1932D'Joffer Virginie Sünnen vu Wellesteen ass déi Léierin an deer neier Meedechersschoul, déi iwwert der Molkerei ageriicht gouf, sou wéi dat an engem Gemengerootsbeschloss vum 14. Juni 1931 ugefrot gi war. D'Meedechersschoul huet bis 1941 bestan.
Eng nei Molkerei gëtt gebaut (dat spéider Lager vun der Raiffeisen-Caisse).
1932-1939Den H. Aloyse Stoffel ass Paschtouer zu Léiler. Hie war 1899 zu Rodange gebuer an ass 1899 geweit ginn. Hie war kaploun zu Wecker, an no 1939 Paschtouer zu Iewerléng. Hie huet Pläng an en Devis maache gelooss, fir d'Léiler Kierch ze vergréisseren. An seng Zäit fällt och den Ufank vun der Veréirung vun der Hl. Theresia vom Kinde Jesu.
1933De Muséksveräin "Fanfare des Trois Frontières" gëtt gegrënnt. Grënnungsmembre sinn: Eicher Bernard, Faber Hubert, Faber-Kyll Jos, Faber Jos jun., Reiland Jäng, Reitz Adolphe, Reitzs Alfred, Reitz Bernard, Graf Jean, Graf Nic, Leiber Martin, Reiffers Brosi, Schmitz Hubert, Werner Jacques, Werner Jemp.
Iwwert dat neit Molkereilokal gëtt e Film gedréit, deen och de Schüler vun der Ackerbauschoul iwwer Jore gewise gëtt.
11. Oktober: An enger Sëtzung vum Gemengerot gëtt beschloss, dass d'Léierin verpflicht ass, hier Demissioun ze ginn, wann se sech bestuet.
193413. Mäerz: Dësen Dag war als Termin fir den Opkaf vum Terrain fir den 2. Deel vun der Strooss Léiler-Ouren festgesat ginn. D'"Défense Nationale Belge" allerdéngs huet d'Stroossenaarbechte blokéiert, well si deenen Däitschen, déi opgerüst hunn, net entgéint komme wollt.
31. März: An engem Artikel vun der Obermosel-Zeitung (Nr. 76) gëtt beschriwwen, wéi déi Léiler sech ugeluecht hunn, fir d'Genehmeging zum Bau vun der Strooss Léiler-Ouren ze kréien.
193524. Oktober: De Franz Dairoment vun Ouren, Member vum Gemengerot, erklärt sich bereet, ARBED- oder ähnlech Wertpabeieren an der Caisse vun der lëtzebuergescher Bauverwaltung als Ganrantie ze hannerleeën, dass d'Aarbechten vun der Strooss Léiler-Ouren op belscher Säit kënnen ausgefouert ginn.
1939-1951Den Här René Weber ass Paschtouer zu Léiler. Hie gouf den 28. Mee 1907 gebuer an den 30. Juli 1933 geweit. Hie war Kaploun zu Gouschténg a Paschtouer zu Jonglënster. Hien huet d'Kierch nei usträiche geloos duerch den Usträichermeeschetr Reckinger vu Clierf. Nom Krich huet hien d'Chouerverkleedung an Eechenholz erneiere gelooss duerch e Schräinermeeschter vun Ouren.
194010. Mee: Déi däitsch Truppen (d'Preisen) zéien duerch Léiler.
194115. Januar: Dem Pater B.J. Thiel O.S.B. (détails dans le Journal rédigé par le R.P. Bernard Jacques THIEL OSB de l'Abbaye Saint André de Bruges, résidant à l'Abbaye Saint Maur et Saint Maurice de Clervaux -Luxembourg) geléngt et, der Gestapo ze entkommen, wéi si d'Benediktinerabtei zu Klierf geraumt hunn. Hie kann sech duerchschloen bis an d'Haus vum Här Peusch (spéidere Buergermeeschter). D'Bridder Peusch bréngen hien dann mat hierem Camion op Léiler, wou hien de kranke Paschtouer ersetzt.
D'Meedechersschoul iwwert der Molkerei gët zougemat.
7. November, 22:30 h: Eng Bomm fällt op Léiler op d'Haus Spoo-Ehlen. Dräi Mënschen (Mme Spoo geb. Margareta Ehlen, 50 Joer al, hire Jong Jewy Spoo, 18 Joer al, an den Alfred Reitz, 20 Joer al) kommen dobäi ëm d'Liewen an et entsteet grousse Materialschued un den Haiser ronderëm, besonnesch um Haus P. Frères-Wilmes, och um Paschtoueschhaus.
Zwee jonk Männer, de Josy Schneider an de Josy Freres, ginn zwangsrekrutéiert an der Wehrmacht a falen am Krich.
194230. August: Aféiren vun der allgemenger Wehrpflicht zu Lëtzebuerg. Och Léiler Jongen mussen sech der Wehrpflicht stellen, fir hire Familljen d'Ëmsidlung ze erspueren. Zwee Jongen falen un der Front. Vill vun deenen Agezunnenen verstoppen sech no engem Fronturlaub bei Familljen oder Frënn.
194329. Juni: D'Famill Antony-Eicher a Gesëschter aus dem Haus Portz an d'Famill Schroeder-Schleich aus dem Haus Baasten ginn ëmgesidelt.
18. Juli: De Josy Schneider, zu Léiler den 31. Januar 1921 gebuer, fällt duerch de Kappschoss westlech vu Krymskaya an der Ukrain.
Ausganks August: Ongeféier 20 däitsch Zaldoten kommen op Léiler, fir d'Haiser no fändelflüchtegen Lëtzebuerger Jongen ze sichen. Wéi se un der zouëner Kierchendier gerabbelt hunn, konnt de Pater Thiel, dee grad d'Mass gehalen huet, onbemierkt fortlafen, gehollef vum Fély Freichel, dem Massendénger. De Pater huet dann den 4. Oktober d'Land bei Differdéng-Hussigny verlooss a verbréngt de Rescht vum Krich an der Géigend vu Clermont-Ferrand.
194424. Februar: De Berni Frères, gebuer zu Léiler den 19. Januar 1921, fällt un der Narvafront (Estland).
13. Abrëll: En amerikanesche Bomber fällt erof. De Pilot Donald Toye, dee mam Fallschierm erofkënnt, gëtt vum Robert Fairon vu Léiler op Léiler an an der Nuecht weider op Näidsen bruecht. Duerno kënnt en iwwer d'Belsch a Frankräich an d'Schwäiz.
26. Juni: Zwou Familljen, deenen hier Jongen net un d'Front zréckgaang waren, ginn ëmgesidelt. Hier Häff gi vun däitsche Leit iwwerholl.
26. August: 40 Mann vun der Gestapo ëmstellen d'Duerf a sichen no Deserteuren. Verschidde Persounen goufe verhaft a verschleeft.
1. September: Déi Däitsch, déi d'Häff vun deenen Ëmgesidelten bewirtschaft hunn, verloossen d'Duerf.
Méindes, 11. September: Zwee Mann fueren mat Rad op Hengescht, fir Neies gewuer ze ginn. Eng Stonn méi spéit koumen se zréck mat der Noriicht: "Si sënn do!" D'Leit koumen op d'Stroos, d'Déserteuren aus hirer Stoppen. D'Leit goungen a Richtung Lausduarren, fir d'Amerikaner ze begréissen, déi aus Richtung Hëpperdang koumen.
12. September: Di éischt Amerikaner fueren a Léiler eran. Den Dag duerno schéissen däitsch Kanounen eriwwer. Verschidde Familljen evakuéiren sech selwer an zéien an d'Nopeschdierfer. Owes ginn 20 Sherman-Panzer hannert den Haiser an de Beem a Stellung. An der Nuet duerno fueren se weider a Richtung Ouren.
Vum 12. September bis den 17. Dezember louch Léiler an der Front. Bei der Aarbecht om Feld ass d'Maria Heinen vun engem Bommesplitter getraff ginn a kuerz duerno gestuerwen.
De 14. September ginn d'Leit vu Sevenig (Däitschland) evakuéiert an zu Léiler ënnerbruecht.
16. September: Schluecht em Roscheid (Däitschland) mat Artilleriebeschoss a Juegdbomberugrëff. Allerdéngs bleift d'Front wärend 3 Méint bei Roscheid stoen. D'Amerikaner gruewen ronderëm Léiler an.
28. Oktober: Eng Awunnerin vu Léiler bei der Aarbecht um Feld gëtt vun engem Granatsplitter getraff a stierft kuerz derno.
15. Dezember: E Spähtrupp vun deenen Däitschen kënnt bei haitegen Europadenkmol iwwert d'Our a geréit an e Gefecht mat den Amerikaner, déi si awer zréck op déi däitsch Säit dreiwen. E puer Däitscher kommen dobäi em d'Liewen.
An der Nuecht ass staarke Granatebeschoss vun der däitscher Säit hier; d'Granaten falen awer all virun d'Duerf "an der Baach".
16. Dezember: Di Däitsch haten dës Säit vun der Our eng Stellung opgebaut a konnten géint Mëtteg erëm verdriwwe ginn. Och en däitschen Tiger-Panzer bedeelegt sech bei Ouren um Gefecht a verdreift 6 amerikanesch Panzer. Vill Doudeger a Verletzter gi vun Rout-Kräiz-Gefierer op Léiler bruecht.
17. Dezember: Léiler ass eidel, den Dokter an d'Sanitäter si fort, hiert Material ass leie bliwwen. Géint halwer 9 fueren eng 15 kleng amerikanesch Panzer duerch d'Duerf. Mëttes huelen den Dokter an d'Sanitäter hiert Material a verschwannen erëm. 20 amerikanesch Zaldoten sollen d'Bréck iwwert d'Our fräikämpfen, fir de Réckzug vun den Zaldoten aus dem Raum Sevenig ze sécheren. E Bauer vu Léieler féiert si dofir duerch Hëlzeburren an duerch d'Rebbich bis an de Freidendell.
Bei Ouren gin 4 däitsch Panzer vun amerikaneschen PAK ofgeschoss.
18. Dezember: D'Amerikaner zéien sech vun der Dräilännereck zréck a Richtung Wäiswampech. Am Nomëtteg verloossen verschidden Léiler Leit d'Duerf fir op Wäiswampech an duerno op Wëlwerdang ze goen.
19. Dezember: Di däitsch Truppen kommen erëm zréck op Léiler. De J. B. Reitz (Kräiss) aus dem zweeten Haus vu Léiler muss den däitschen Truppe viraus duerch d'Duerf bis op de Lausduarre goen; him war gedrot ginn: "Wenn Amerikaner sich zeigen sollen, werden Sie erschossen." Dat selwecht gouf och dem Buergermeeschter Barthels Battes ugedreet.
Am Duerfagank bleiwen däitsch Gefierer wéint Spritmangel leien. Iergendwou haten déi däischt Zaldaten dann awer Benzinkanister vun den Amerikaner fand; wéi se de "Sprit" awer agefëllt haten, huet sech erausgestallt, dass et Waasser war.
Déi meeschten Awunner kommen op Léiler zréck.
24. Dezember: Well d'Wieder opkläert, kënnen déi amerikanesch Juegdbomber erëm fléien.
25. Dezember: Däitsch Quartéiermeeschter notéieren d'Aquartéierméiglechkeeten zu Léiler.
30. Dezember: E Juegfliger Republic P-47 D-30 vun der USAF (Nummer 44-20247) gëtt bei Léiler ofgeschoss. De Pilot iwwerlieft.
31. Dezember Zréckgeschloen däitsch Truppen (Leit aus Éisterräich) ginn zu Léiler aquartéiert. Di Léiler mussen den Truppen Proviant zur Verfügung stellen (Schwäin, Hénger, Speck, Hamen, Gerächertes, Eeër, Mëllech, Botter, Gromperen awer och Brennholz, Ketten an Axten …) D'Meedercher aus dem Duerf hunn den Offizéier missen d'Quartéier botzen.
19457. Januar: Mat Hëllef vum Stempel vun Helzen (Member vun der SS) ginn zu Léiler verschidde Leit (Nic. Graf, Brosi Reiffers, Nicky Kreins, Robert Fairon) verhaft an an de Prisong vun der Gendarmerie zu Clierf bruecht a den Dag drop am Hotel Bertemes verhéiert. Owes ginn si erëm fräigelooss.
Den däitschen Ënneroffizéier Theo Zauzich verhënnert duerch säi Asaz, dass d'Gestapo verschidden "Déserteuren" ka festhuelen.
Während der Rundstedt-Offensiv waren amerikaesch Zaldoten zäitweileg an der Schoul aquartéiert. No hirem Ofzug feelen eng ganz Rei vu Schoulbänken.
24. Januar: Déi éischt amerikanesch Granat fällt op d'Duerf. Den Haff vum Buergermeescher Barthels Battes brennt of.
25. Januar: Owes em 7 Auer zéien déi lescht Preisen aus dem Duerf of.
26. Januar: Nomëttes em 4 Auer zéien d'Amerikaner erëm zu Léiler mat Panzer an.
16. Februar: Déi lescht Schëss aus dem Westwall falen.
1. März: D'Amerikaner verloossen Léiler.
Abrëll: Déi ëmgesidelt Familljen kommen erëm heem.
19466. Juni: De Pater Thiel ass zréck am Land a kënnt op Léiler.
194824. März: Grëndungsdatum vun der Caisse rurale zu Léiler. De 26. Abrëll gëtt d'Grëndung am Memorial veröffentlecht.
Éischte Comité:
Heinen Emile, President; Lux Jean, Vizepresident; Graf Nic., Reiffers Michel a Schmitz Hubert, Membren.
Opsiichtsrot:
Post Nicolas, President; Frères Jean, Schleich Jean-Baptiste, Membren.
Rendant 1948-1950: Leiber Roger.
1950De Muséksveräin kritt säin éischte Fändel.
Jean-Pierre Blasen gëtt Rendant vun der Caisse rurale Léiler.
1951De Paschtouer René Weber vu Léiler gëtt an d'Par Wäiswampech beruff, hie behält Léiler awer als Parverwalter bäi.
D'Fanfare des Trois Frontières kritt en neie Fändel.
1953-1965Den H. Jean Ley ass Paschtouer zu Léiler.
No 28 Joren vu Beméiungen gëtt eng provisoresch Stroosseverbindung tëschend Léiler an Ouren hiergestallt.
1953/1954D'Kierch gëtt renovéiert mam Haaptzil d'Rekonstruktioun vum mëttelalterlechen Chouer an d'Ervirhiewen vun deenen frësch entdeckten Fresken (entstanen tëschend Spéitmëttelalter an Neizäit), déi och restauréiert goufen duerch den Prof. Edmond Goergen aus dem Lëtzebuerger Staatsmusee.
De Barockaltoer aus dem 18. Jorhonnert gëtt vun der Konschtschräinerei Marcel Backes vu Baastenduerf ganz iwwerschafft a vum Schoulmeeschter Bertemes vu Baastenduerf nei ugestrach an den ursprünglechen Faarftéin.
Niewent dem Chouer gouf dann och d'Sakristei opgeriicht. D'Kiercheschëff krut en neie Plafong, dee mat Holzdunnen ënnerdeelt ass.
1. März: Fest des Hl. Albinus. Messe für Dorfbewohner und Pilger. Abends im Saale Werner Theatervorstellung zugunsten der zu erbauenden Lourdesgrotte. Aufgeführt werden: "Den Nausi als Bedéngter" und D'Kapell vum Fiels" (LW 26/02/1954, Jpc)
1955De Pater J.B. Thiel O.S.B. publizéiert säi Wierk "Die Gemeinde Heinerscheid" Sonderdruck des Lëtzebuerges Sonndesblad, Sankt-Paulus-Druckerei, A.G., Lëtzebuerg
18. September: An diesem Sonntag wird die neue Lourdes-Grotte in Lieler eingeweiht. Sie wurde von Grottenbauer Jos. Wallenborn als Erfüllung eines Versprechens aus der Rundtstett-Offensive (1944/1945) während des letztes Krieges errichtet. Von kirchlicher Seite waren dabei: die Pfarrer René Weber, Weiswampach und Jean Ley, Lieler, Dechant Schaack und Ehrendechant. Artikel dazu erschien am 16. und am 24. September 1955 im "Luxemburger Wort". Hier ein Auszug aus dem Artikel vom 16. September:
Lieler, an der Nordgrenze unserer Heimat gelegen, hat eine neue schöne Lourdes-Grotte. Als im Winter 1944/45 das fürchterliche Schreckgespenst des Krieges über das Oesling hinbrauste, und der Bomben- und Granatenhagel auch über Lieler hinwegfegte, bangten die Einwohner um ihr Leben. Im Keller, um ihren Pfarrer geschart, beteten sie den Rosenkranz. Im Namen der Pfarrei machte Herr Pfarrer Weber das Gelübde, wenn die liebe Gottesmutter sie beschütze, ihr zu Ehren eine schöne Lourdes-Grotte zu erbauen. Der dringende Wiederaufbau und mancherlei andere Schwierigkeiten bewirkten, dass der geplante Bau immer wieder aufgeschoben wurde. Unter dem jetzigen Pfarrer Hw. Herrn Ley, wurde das Werk nun doch Wirklichkeit.19568. September: No der Renovéirung gëtt d'Kierch vum Bëschof-Koadutor Léon Lommel konsekréiert. Den Numm vun der Kierch an d'Kiermes (Kirchweihfest) bleift un d'Fest vum Opfanne vum Kräiz vu Christus (3. Mee) gebonnen. Bei deer Feier sinn och 10 Franziskanerschwësteren derbäi, alleguer vu Léiler gebierteg. (cf. LW 12.9.1956)
Dee selwechten Dag gëtt och d'Monument fir d'Affer vum 2. Weltkrich un der Kierchemauer vum Finanzminister Pierre Werner enthüllt.
De Kiercherot freet och beim bëscheflechen Ordinariat no, fir bei der "Fortuna" 100.000.- Frang dierfen ze léinen, fir sech domat um Neibau vun der Kierch ze bedeelegen.
D'Verpachtung vum Kiercheland bréngt dëst Joer 37.700.- Frang an.
1958D'Fanfare des Trois Frontières mécht en Ausfluch vun 2 Deeg op Bréissel op d'Weltausstellung.
1960D'Caisse rurale Léiler keeft vun der Gemeng déi nei, 1932 gebauten Molkerei. Déi gëtt als Lager ausgebaut an de Sall om 1. Stack gëtt och als öffentleche Versammlungsraum genotzt, e.a. och als Proufsall vun der Musék.
De Georges Wagner formuléiert op enger Eifel-Ardennen-Tagung zu Léck (B) konkret säi Virschlag, fir om Dräilännereck en Denkmol opzeriichten.
1961/1962D'Musikanten vum der Fanfare des Trois Frontières kréien hier Uniformen.
1964Christi-Himmelfahrt: Déi nei Schoul gët ageweit. Si gouf gebaut no Pläng vum Architekt Guill. Gaul vu Lëzebuerg.
1966-1979Den H. Balthasar Burggraff ass Paschtouer zu Léiler.
196614. Januar: De Gemengerot Hengescht freet eestëmmeg d'Flouerberengegung vun alle Sektioune vun der Gemeng.
17. Juli: Éischt Generalversammlung vun der Felderzesummeleeung (FZL). Betraff vun der FZL sinn 440 ha, 81,02 % vun de Bedeelegten mat 86,93 % vun der Ackerfläch stëmmen fir d'FZL. Aus deenen 1250 Parzellen ginn der 318. Den Devis beleeft sich op 12 Mio Lfr.
1967/1968Dat ass dat lescht Schouljoer, wou nëmmen Léiler Kanner an d'Léiler Schoul ginn. Et sinn der 19. 1968/1969 ginn Léiler an Hëpperdanger Kanner zesummen an d'Schoul. Ab 1969/1970 ginn al Kanner aus der Gemeng op déi 3 Schoulen Hengescht, Hëpperdang a Léiler opgedeelt. Ab 1969/1970 besteet och d'Spillschoul zu Fëschbich, wou all Spillschoulskanner aus der Gemeng zesumme ginn.
Abrëll: D'Kierch kritt eng Transistor-Urgel aus der Uergelfabrik Bodegraven vun Utrecht an Holland.
19681. Mäerz: D'Statu vum Hl. Jouseph mam Jesuskand, geschnëtzt vum Emil Hulten vun Esch/Uelzecht, gëtt vun der Par gestëft.
31. Juli: D'Kierch an de Kierfecht ginn ënnert Denkmalschutz gestallt.
August: Den Konschtschräiner Josef Wangen mécht de Beichtstull an der Kierch. D'Firma Hubert Turpel vun Housen liwwert eng Lautsprecheranlag an d'Kierch.
1969D'"Trommlergarde" vun der Fanafre gëtt gegrënnt. Hier gehéiren nëmme Meedecher un.
17. & 18. Mee: "Internationales Vereins-Freundschaftstreffen" vun der Fanfare des Trois Frontières mat 27 Gesellschaften aus Lëtzebuerg, der Belsch an Däitschland.
1. Juni: D'Kierch kritt Statu vum Hl. Herz Jesu, geschnëtzt vum Emil Hulten vun Esch/Uelzecht.
197023. November: D'Firma Baustert vun Aasselbueren liwwert eng Kierchturm-Auer mat zwee Schlagwierker un d'Kierch.
197127. Mäerz: Op der Bouch gëtt (cf, Alain Atten, Mam ale Plouch
in Fanfare des Trois Frontières, 1933-1973) fir d'lescht am Lëtzebuergeschen e Stéck "mam ale Plouch" e Stéck ("Jhängelen Aluis séngt Klistéck") ëmgeplout.
1973Abrëll: An der Kierch gëtt en neien Altoer, dem Vollék zougedréit, opgeriicht vum Konschtschräiner Fernand Boever vun Houffelt bei Clierf. E gouf dekoréiert vum Konschtmoler Johny Meyers vun Ëlwen. Op der viischter Säit vum Altoer sinn déi 4 Evangeliste-Biller aus Eechenholz geschnëtzt, déi bis 1954 um Priedegtstull festgemat waren.
31. Mee - 3. Juni: D'Fanfare feiert hiert 40-järegt Bestoen ënnert Bedeelegung vun 51 Veräiner aus dem In- an Ausland.
197420. September: Zu Ouren ass déi 1. Versammlung fir en Denkmol op dem Dräilännereck opzeriichten.
197620. Juli: Ufank vun der öffentlecher Suskriptioun fir en Denkmol om Dräilännereck.
197722. Oktober: Aweihung vum Europa-Denkmal um Dräilännereck Léiler-Ouren.
1979-1991Den H. Albert Lamborelle ass Paschtouer zu Léiler.
19804. Mee: D'Fanfare feiert eng echt "Baurekiermes".
1982D'Musikanten vun der Fanfare kréien nei Uniformen.
De Jean-Pierre Blasen kritt fir seng Verdéngschter als Rendant vun der Caisse rurale Léiler eng gëllen Auer iwwerreecht.
1. Mee: Besuch zu Léiler vum Amerikaner Donald Toye, deen am Abrëll 1944mat dem Fallschirm iwwert der Fenn ofgesprng war.
16. Mee: Empfank fir d'Befreir vum 26. Januar 1945 (Ray Griffin, Jim Gattis, J.L. Eaves)
1983Christi-Himmelfahrt: D'Fanfare feiert hir 50 Joer a kritt en neie Fändel.
Statutenännerung an Ëmbenennung vun der Caisse rurale Léiler, déi elo Caisse rurale Raiffeisen heescht.
Am "Hôtel des Trois Frontières" (Besëtzer Jean-Paul a Liette Peters-Werner) gëtt et 15 Zëmmer fir Touristen.
11. September: Besuch vum Amerikaner George Sheller.
198914. Oktober: Ovatiounsfeier fir den neie Buergermeeschter vun der Gemeng Hengescht, de Jean Lentz, e gebiertege Léiler.
1991D'Gemengen Clierf, Hengescht a Munzen beschléissen e gemeinsamen Schoulzentrum zu Reiler ze bauen.
22. Dezember: Abschiedsfeier fir den H. Paschtouer Albert Lamborelle.
1991-1997Den H. Nico Jans ass Paschtouer zu Léiler.
199327. Februar: Konveniat vu fréieren an haitege Membren vun der Fanfare.
25. Abrëll: D'Fanfare feiert hier 60 Joer.
16. Oktober: Klackewei zu Léiler.
199415. September: Vun haut un ginn all Kanner aus der Gemeng Hengescht an d'
Regionalschoul zu Reiler bei Clierf zesummen mat de Kanner aus de Gemenge Clierf a Munzen.
19961. Juni: Ovatiounsfeier fir den Théo Blasen, neie Gemengerot.
199729.-31. August: Feier fir 20 Joer Europadenkmol um Dräilännereck.
1997-2002Den H. Michel Majerus ass Paschtouer zu Léiler.
1998D'Fanfare feiert hier 65 Joer an organiséiert e Konveniat.
1998/1999D'Renovatioun bannen an der Kierch ass ofgeschloss.
14. Dezember: Die "Fanfare des Trois frontières" erneurt ihre Statuten und konstituiert sich als Association sans but lucratif.
199930. Abrëll: 3 Wandrieder ginn zu Léiler ageweit.
26. September: Den neien Zelebratiounsaltoer am Virchouer gëtt geweiht. Am Altoer sinn Reliquien vum hellege Willibrord a vun den Tréier Märtyrer agebett.