logo



Du bass hei:

Op eisem Site



Accueil
Nodenkleches:
Hobbyen
Schoul

Kontakt

    fir e Mail:
Générateur de code QR


PAGE untitled attachment link

Wichteg a flott Erliefnësser


1. Nejra (1993)
2. Rallye 2008
3. Nach en Nëssert
4. Gebuert vun enger Kinnigin (Juli 2010)
5. Iwwerraschungseilen (Juli 2010)
6. Kusinnen aus der Picardie
7. Pensiounsfeier
8. Bop säin Abrëllswitz
9. De Grand-Duc zu Wampich

Wat mir Wichteges, Flottes a Schéines erlieft hunn


Am Liewe passéieren esou vill schéin a flott a munchmol ganz wichteg Saachen, déi engem säi Liewen beaflossen a vläicht esou guer veränneren. Doriwwer wëlle mir hei schreiwen.

Gebuertsdag: Den 10. März vun all Joer feiere BopAnNettchen zesumme Gebuertsdag mat der Famill. 2009 war dat den 120., 2010 den 122., 2011 den 124., 2012 ass et den 126., 2013 den 128., …


Erliefnesser, déi hei ënnendrun virgestallt ginn un déi mer eis gäer erënneren, waren e.a.:


Eis Bicherkëscht


bicherkescht.jpg

Zënter 2018 steet virun eisem Haus laanscht d'Strooss eis Bicherkëscht. Do stelle mir an all déi aner Lieser, déi interesséiert sinn, hir Bicher dran. Déi kann da jidfereen ausléinen oder weiderverschenken, sou wéi et him gefällt.

Wëllkomm, Max!



max.jpg
De 14. März 2015 ass de Max op d'Welt komm. Seng Grousseltere si ganz stolz op hien a wënschen him nëmme Guddes a sengem Liewen!

Wëllkomm, Lou!



De 6. August 2013 ass de Lou op d'Welt komm. Seng Grousseltere si ganz stolz op hien a wënschen him nëmme Guddes a sengem Liewen!

Les TREMUTH à Lieler et en Picardie



De gauche à droite: Colette Tremuth, Jean-Claude Corsyn, Annette Wollwert, Fernand Tremuth, Pascale Tremuth, Olivier Van Elsen

Après s’être retrouvés grâce à des recherches généalogiques sur internet, les Tremuth de Lieler et ceux de la Picardie - cousins du 5e degré ayant des ancêtres communs nés au Luxembourg à Assel, commune de Bous, en 1715 - se sont rencontrés en 2013 à Lieler pendant quelques jours très agréables. L'année suivante, nous avons eu la chance de nous revoir en Picardie.


16.09.2011: Conveniat no 50 Joer


Viru 50 Joer sinn se op VIIe zu Clairefontaine ageschoult ginn.
Dëst Joer hunn se sech erëmgesinn:



De Raym, den Emile, de Fuuss, de Fern, de Pierre, den Emile, de Marc, de Grill, de Rosch, de Moll, an de Romain, den Edy an den Tun (déi 3 läscht feelen op dëser Foto).

Dofir sinn si dann hei extra ofgebild:



Mat hire Meedercher



sinn se duerch d'Iwwerreschter vum Ermesinde-Klouschter gefouert ginn, hunn deene verstuerwene Kollegen a Pateren om Kierfecht geduecht, den Apéritif an der École Apostolique zum Beschte kritt, wou se de Pater Paul Birsens erëmgesinn hunn:



Si hunn am Restaurant "Bräiläffel" zu Klengbetten gutt z'Mëtteg giess an déi al Spiichten nach eng Kéier erzielt.

E gelongenen "Event", wann een den Echoe ka gleewen.

Allgemenge Wonsch: Mir sollen eis méi dax erëmgesinn!





2011: Jadon kënnt op d'Welt.


IMG_0454.jpeg


9.2.2011: Bonjour Cousines!


Pendant les recherches sur notre passé familial, nous avons découvert sur internet un arbre généalogique, celui de Pascale T. Nous nous sommes découvert des ancêtres communs ayant habité au Luxembourg; Pascale, sa sœur Colette et leurs familles habitent aujourd'hui en Picardie.

Et quel hasard: Le même jour où nous nous sommes contactés pour la première par internet, Nettchen qui avait envie de passer quelques jours au bord de la mer, avait réservé une chambre d'hôtel au Crotoy en … devinez … en Picardie!!!!

Bien sûr que nous avons profité de l'occasion pour nous rencontrer "en famille" et pour passer une excellente après-midi ensemble en Baie de Somme.



Ah, que le hasard fait bien les choses! Et merci à internet!



Den 21. Juli 2010 koume mer vun enger Rees zréck.
A wat war do geschitt? Wou kommen déi do zwee dann hier?





De 14. Juli 2010 konnte mer d'Schlëppen vun enger Kinnéckslibell un de Rohrkolben an eisem Weiher fotograféieren.





28.04.2010: Gemittlechen Owend zu Darscheid an der Eifel


Bei engem kuerzen Trip duerch bekannt an onbekannt Ecken an der Eifel haten mer och d'Freed, eise Frënd a Webmaster vum Jacques Berndorf, den Chippy erëmzegesinn a mat him e ganz gemittlechen Owend am gudde Restaurant vum Kuchers Landhotel ze verbréngen.


Eise gudde Frënd Chippy


Dobäi huet hien eis d'Heimatjahrbuch 2010 vun der Vulkaneifel geschenkt, wouran och Wierker aus senger Fieder veröffentlecht sinn. Gespréichsthemen waren e.a. och dat neit Buch vum Jacques Berndorf Nürburgpapiere an de Concert vum Christian Willisohn den 23. Oktober 2010 zu Strohn.



19. September 2009: Jacques Berndorf a Christian Willisohn zu Strohn an der Eifel. Mir erliewen e wonnerbaren Owend mat enger Liesung vum Jacques Berndorf (Zamiras Blus) begleet um Piano vum Christian Willisohn, dat Ganzt organiséiert e.a. vum , deen eis och Plazen an der éischter Rei reservéiert hat. "Umwerfend" waren och d'Zugaben vum Christian Willisohn, e Mann deen d'Musék lieft a schwätzt an esou bal net "de Mond zou kritt".



30. an 31. August: Rallye 2008


Ideal Wierder hate mer op der Rallye 2008, déi organiséiert gouf vun an eis an d'Eifel gefouert huet op Spueren, déi vum Jacques Berndorfan sengem Krimi Eifel-Liebe geluegt goufen. Onbedingt ukucken!




19. Juli 2008: Iwwerraschung zur Pensioun


E wonnerbaart Erliefnes hate mir, wéi eis Kanner ouni eist Wëssen Frënn, Virgesetzten, Kollegen a fréier Schüler … invitéiert haten, fir eis Pensioun ze feieren.



Hei d'Gruppefoto mat engem Deel vun de Gäscht:

Abschied.jpg

Vun 2007 un: Nach en Nëssert!

Am Hierscht 2007 geplanzt, se wuessen a wuessen, de Philipp an de Charel …



2002 an 2003: Zoé an Noémie kommen op d'Welt.


Zoe.jpg
noemie.jpg





01.04.2000 E gelongenen Abrëllswitz fir d'5. Schouljoer vu Wäiswampech


No dem Besuch vum Grand-Duc Jean an der Grande-Duchesse Joséphine Charlotte hat de Bop sech fir den 1. Abrëll e ganz besonneschen Abrëllswitz afale gelooss, fir seng léif Kanner aus dem fënnefte Schouljoer eranzeleeën.


virun_der_gemeng.png
Hei kënnt der liesen, wéi dat ofgelaf ass a wat d'Konsequenze fir de Bop waren.

 







2000 an 2001: Philipp a Charel


Zwee Bouwen, déi eis scho ganz vill Freed gemat hunn an dat och weider maachen.

philchar2.jpg

Am Hierscht 1999: Den Dag vum Bam mam Grand-Duc Jean an der Grande-Duchesse Joséphine Charlotte zu Wäiswampech


1994 an 1995

1994 an 1995: Vanessa a Saskia kommen op d'Welt.


Vanessa_a.jpg
saskia_a_1.jpg






**************************************************************************
1. Säit - - Plang vum Site
**************************************************************************


Drécken
Fir d'lescht geännert: 02/03/2024 @ 16:52:30
Générateur de code QR
olefa banner

Fir den Inhalt vun dëse Säiten © 2024
Mir iwwerhuele keng Responsabilitéit fir den Inhalt bei externe Linken