50 Leit haten sech afond fir en Tour duerch d'Duerf ze trëppelen. Jideree krut e Plang vum Duerf mat deenen alen a neie Stroossennimm:
De Wee:Grott - Gare - Kossmannsbréck - Kräizkapell - duerch d'Schleed - bei Fäipels iwwert d'Bréck - d'Stee erop - duerch d'Bieleschgaass - de Bouleschbierg erop - op de Wues - duerch d'Tramsgässel - d'Fëlschdrefferstrooss aus - duerch d'Huelgaass erof, an d'Groussgaass, weider op d'Huuscht - an der Weiherchen - op d'Grouf - an d'Nuetsweed - zréck op de Kierchbierg bei d'Schoul.
Deen éischten Trëppeltour si mer nëmme gaang, et war net virgesinn fir e Kommentar op verschiddene Statiounen ze man. Dat sollt eréischt 1986 de Fall sinn.
An der Schoul hat an der Zwëschenzäit d'Mme Roger (d'Dittchen) mat hire Gehëllef eis Glühwäin mat Bréidecher a waarme Wirschtecher fäerdeg gemat.