logo



Du bass hei:

Op eisem Site



Accueil
Nodenkleches:
Hobbyen
Schoul

Kontakt

    fir e Mail:
Générateur de code QR


PAGE untitled attachment link

Lëscht vun den Trëppeltier



4. Trëppeltour: 6. November 1988


Fir déi 4. Kéier hu mir invitéiert op den Trëppeltour am Hierscht, en Tour deen ëmmer méi beléift gëtt. Net manner wéi 110 Lewit waren der Invitatioun nokomm.

De Wee: Grott - d'Kaz - Kickeschbann - Wouer - Bréim - Géierwee - Schoul

1. Parking an der Kaz

Mir sinn hei an der Munnereferstrooss, fir déi Wiisser ass dat d'Kaz. Dësen Deel vum Duerf zielt net ze deenen eelsten, dat ass d'Huuscht. Eréischt 1726 gouf hei dat éischt Haus ënnen un der Kierch opgeriicht, et war d'Kiessenhaus, oder den Huesekeller, déi häiteg Taverne Victor Hugo. Firwat den Huesekeller haut Taverne Victor Hugo heescht, ass jidferengem hei bekannt, denken ech. Méi interessant ass et vläicht e puer Wuert iwwert déi fréier Bewunner vum Huesekeller ze soen.

De Philippe Haas war Gemengebuet. Hien ass 1959 gestuerf. Hie war an dat Haus abestuet ginn. Seng Fra, eng gebuere Kies - dohir den Numm a Kiessen - huet de Victor Hugo 1871 an der Wirtschaft bedéngt. Dohir hat de Philippe Haas ee vu sengen Enkelen op den Numm Victor Hugo gedeeft. De Philippe Haas war awer och en eifregen Altertumsfuerscher. Duerch hien gouf e ganze Koup al Saachen erhalen, déi haut allerdéngs zimlech vill dorëmmer verspreet sinn. Ënnert anerem och eng Muttergottesstatu, déi haut erëm an der Wiisser Kierch steet. 

Dat grousst Haus niewent dem Huesekeller huet bis em 1960 enger Famill Dockendorf gehéiert. Den Här Dockendorf war en Hàndler vun landwirtschadtleche Maschinnen. Hien huet ënnert anerem och Trakteren vun der Mark Kramer verkaaft. E Schapp, fir déi Maschinnen ënner ze stellen, stung op der Säit zur Baach zou laanscht d'Stroos. Hie gouf an de 60er Joren ofgerappt. 

Hei vis-à-vis steet dann en Appartementshaus, dat 1972 esou ëmgebaut gouf, wéi net haut ausgesäit. Virdrun war dat d'Paschtoueschhaus. Dee leschte Paschtouer, deen dora gewunnt huet, war den Här Ernest Hentzen, déi éischte Kéier, wéi hien zu Wis war. Et war seng 1. Plaz als Paschtouer, nodeems e virdrun Kaploun zu Réimech war. Den Här Charel Graul, säi Nofolger, huet dunn wärend enger Iwwergangszäit vun e puer Joer zu Munneref an deer aler Gemeng am Millewee gewunnt, deem haitege Foyer de l'amitié, éier dat neit Paschtoueschhaus bei der Schoul gebaut gouf.

Op dëser Plaz, wou elo de Parking ass, war de Paschtoueschgaart. Derlaanscht a laanscht d'Strooss huet eng laang an héich Mauer gestan, déi net vill Plaz gelooss huet fir d'Foussgänger, just e schmuelen Kulang mat Pawee. Hei op dëser Plaz ass dann och 1970 d'Yvette Lorenz iwwerrannt ginn, e jingt Meedchgen wat do ënnen am haitegen Haus de Oliveira gewunnt huet. Et war en Akzident vun enger ganzer Serie, hei an an der lëtzebuerger Strooss. 1966 gouf d'Viviane Müüller bei der Elf-Statioun (Garage Stamerra) iwwerrannt. 1970 war dann hei den Akzident mam Yvette Lorenz an och dat schlëmmt Ongléck do ënne bei der Kaaschtelmillen, bei deem d'Mme Berchem mat hirem Meedchen Marie-Claire vun engem Träger erschlo goufen, dee vun engem Camion erofgefall ass. Kuerz duerno gouf dann och op deer selwechter Plaz bei der Kaaschtelmillen d'Claudine Kieffer vu Munneref iwwerrant. Doropshin ass dann 1980 d'Strooss erneiert ginn. D'Serie vun den Akzidenter huet awer nach net ofgerass, an och haut muss een sech Gedanke man, ob een näischt kann ënnerhuelen, fir deen Zoustand ze änneren. 

Hei ënnendrun a Richtung Munneref stung dann d'Haus Err, genannt "a Spuniesch". Et waren dat Schräiner. d?=Schräinerei stung hannert dem Haus, op d'Baach zou. D'Membre vun deer Famill Err haten Tendenz zimlech al ze ginn. Dem Jean-Pierre Err, deem spéideren Errs Jempy säi Grousspapp, war 94 Joer al ginn. Säi Jong, den Nicolas Err ass 98 Joer al ginn. D'Catherine Err, Sëschter vum Jean-Pierre Err, si war abestuet an d'haitegt Haus Gilbertz uewen an Duerf, huet 1947 fir 100 Joer gefeiert (gebuer 9. Januar 1947) a war eng Zäit laang déi eelste Persoun aus dem lëtzebuerger Land. Si huet och duerno nach e puer Joer gelieft. Bei der 100-Joer-Feier, sou huet den Här Lé Tanson mer verzielt, war och den deemolege Paschtouer vu Wis derbäi, de Mathias Donven, vun de Leit "de Vizmetty" genannt, well hien e ganz strengen Anti-Alkoholiker war. Deen huet déi honnert Joer al Fra gefrot, wisou si dann esou al gi wär. "Majo", sot d'Fra an huet dobäi gelaacht, "ech hunn all Dag meng Drëppche gedronk." Den Nicolas Err, hiren Neveu, a säi Jong, denn Errs Jempy h laang zesummen eleng a Spuniesch gewunnt a sinn dann oich kuerz noeneen Ufanks de siwenzeger Joren gestuerf. Doropshinn huet de Staat d'Haus, dat zimlech wäit an d'Strooss eruas stung, opkaaft an et 1974 ofrappe gelooss, sou dass d'Strooss do konnt verdreedert ginn. 

Vis-àvis vu Spuniesch läit dat haitegt Haus Melmer. Dat Haus heescht mam Hausnumm "a Klautjes". Do huet fréier e Klautje gewunnt, op Franséisch "un cloutier", en Neelschmatt. Den Numm goung weider mat de fréieren Awunner, der Famill Schuster, déi hei gewunnt huet an elo an der lëtzebuerger Strooss, resp. an der Stee wunnt. 

D'Kaz war fréier och eng ganz geschäftsräich Strooss: niewent der Taverne Victor Hugo war hei ënnen de Café "beim Mett" (a Gelzen huet dat Haus geheescht), am Haus Berns hei vis-à-vis war eng Épicerie grad wéi am Café "beim Mett" an am Haus Belviso eppes méi erof. An deem Haus Belviso, dat fréier der Famill Kirwel gehéiert huet, war virdrun och e Café a spéider eng Bäckerei. Dem Kirwels Fränz säi Papp war do Bäcker. Niewent deem ale Café "beim Mett" war réier och eng Schmëtt. Do huet de Mousels Camille säin Handwierk geléiert; hien hat säin Atelier niewent dem Haus Saksida an duerno an der lëtzebuerger Strooss, wou elo d'Garage Stamerra ass. De Coiffeur Alphonse (de Fos) Hebisch, do ënnen huet fréier, éier en op Wuermer gaang ass, am alen Haus Felten gewunnt. Am Haus Tremuth-Berger huet eng Schräinerei funktionéiert. Aus deem Haus ass och den Doktor Julien Berger (Bergesch Jull) gebierteg, deen zu Munneref praktizéiert huet a jonk gestuerwen ass.

De Bierg hannert den Haiser heescht: "op dem Léi". Do goufen et fréier Wangerten, grad ewéi op der Bireler Kopp an am ale Wangert.



2. A Kickeschbann, uewen um leschten Haus

Hei si mer a Kickeschbann, gehéiert zum Munnerefer Bann (a Wolker = Wiisser Bann). Déi Kopp do ënnen ass de Charelsbierg. Am Hannergrond gesäi een d'Spëtzt vum Munnerefer Kierchturm. Do hanne gesàIt een de Wouerbësch, do d'Grouf (den héchste Punkt ronderëm Wis) mat dem Stengegerbësch, an do de Kaaschtel mat dem Béngterbësch op der Lothrénger Säit.

Wéi mer elo eropkomm sinn, si mer tëschend zwou Villen erduerch gaangen. Déi eng Villa, op Munneref zou, war fréier eng Kuelenhandlung. Duerno war den Här Thiel dran, deen e.a. mat Muselsand a Muselwaken gehandelt huet, an haut ass et d'Galerie de la Chapelle. Déi Villa gouf gebaut vum Schouster Nééckel, e Steemetzer vu Wis, deen an der Bieleschgaass - der rue Jean-Pierre Koppes - gewunnt huet. 

Déi aner Villa lénks vun der rue Dr Berger gouf 1922 opgeriicht. Dora gewunnt huet en Entrepreneur, deem e.a. och d'Steebréch gehéiert hunn an der Lëtzebuerger Strooss vis-à-vis vum Haus Zambon.

D'Dr-Berger-Strooss huet hire Numm kritt vum Bergesch Jull. Dat war e Wiisser Jong, gebierteg aus dem Haus Berger, der Schräinerei do ënnen an der Kaz, wou haut d''Famill Tremuth-Berger dra wunnt. D'Mme Tremuth-Berger (d'Bergesch Maus) ass d'Schwëster vum Julien Berger. Hien hat Dokter geléiert, huet zu Munneref an der Villa om Eck fir an d'Bäderavenue praktizéiert a war bei alle Leit ganz vill beléift. En huet och e Buch geschriwwen iwwer d'Behandlung vun Niren- a Galenerkrankungen mat Munnerefer Waasser. En ass am Alter vun nëmmen 43 Joer 1961 gestuerwen. Säi Meedchen, Anne Berger (franséisch ausgeschwat) ass bekannt als Dichterin. 

Deen Terrain hei lénks niewent der Strooss as opkaaft ginn vum Här Fons Feidt, dee geplangt huet, hei eng Fabrik opzeriichten, an deer Waasser a Plastiksfläschen ofgezaapt soll ginn, an deer awer och déi Plastiksfläschen sollten hirgestallt ginn. Dozou haten d'Wiisser Leit jo eng Opklärungsversammlung  organiséiert mam Här Feidt a mat Vertrieder vum Aarbechtsministère. D'Quell, aus deer d'Waasser soll ofgezaapt ginn, läit do uewen an der Kéier. Mir kommen nach dolaanscht. Am Moment leeft d'Waasser vun der Quell doraus. Ech hu mer soe gelooss, dat wir fir den Débit vun der Quell ze moossen. 

Kuerz virun der Kéier dohannen kënnt dann och nach e Wee eraus. Wien d'virlescht Joer eisen Trëppeltour matgaangen ass, dee weess nach, wat den Duelemerpad ass. Deen Duelemerpad kënnt do eraus, en huet vu Munneref laanscht Wis, d'Bréim a Fëlschdreff op Duelem gefouert.



3. Bei Wouer, am éischten Agank zum Bësch

Hei si mer beim Wouerbësch. En ass eng 60 ha grouss a gehéiert der Gemeng Munneref. Zoustänneg ass de Fierschter Jean-Marc de Waha vu Munneref. 

Am Wouerbësch selwer gëtt et nach verschidden Zorte Wëld, e.a. Réi a Wëllschwäin. Dohannen matzen am Bësch bei engem Somp, an deem een am Fréijoer och nach Läich vun de Fräsche ka fannen, hu mer d'lescht Fréijoer mat de Schoulkanner a mam Fierschter nach Palze fonnt, wou Wëllschwäin sech un de Beem geriwwen haten.

De Wee, iwwert dee mer elo kom sinn, ass d'Corniche. Mir sinn och dohanne laanscht d'Gemeinschaftsantenn komm. Si gouf am Joer 1972 opgeriicht vun engem dofir gegrënnte Syndicat. An den 80er Joren huet d'Firma Eltrona se iwwerholl. D'Antenne selwer ass en Okkasiounsstéck vun Esch/Lalléng.

Déi Säit vun de Beem kann een Eelwéng gesinn. Dohannen am Lach läit Elléngen. De Bierg dorower heescht de Rousebierg a féiert an d'Ellénger Hiel, déi Munnerefer route d'Ellange.

Eng Sehenswü!rdegkeet ass awer och nach dee Bam hei op deer anerer Säit vun der Strooss. Et ass e Bam, deen zimlech rar ass an eider Géigend. En dréit eng Fruucht, déi een och kann iessen, obschonn se e ganz komeschen Numm huet: et nennt een se Hondsäersch. Ech hunn se nach net geschmaaacht, dofir kann ech och näischt zum Geschmaach vun deem Uebst soen.

Wann een elo hei iwwert de goudronnéierte Wee weidergeet, da kënnt een och nach laanscht déi lescht Wangerte vu Munneref an Elléngen. 

Laanscht Wouer, no un der Strooss Elléng-Fëlschdreff haten zwee Bridder (Hilbert) 1910 e Fliger an engem Holzschapp ënnergestallt. Dee Fliger war gebaut ginn vum Schräiner Albert Simminger vu Munneref. D'Gebridder Hildert wollte vun do aus mam Fliger an d'Stad fléien an dobäi eng Prim vun deemmools 500 Frang gewannen, déi als Präiss dofir ausgesat gi war. De Fliger ass allerdéngs net iwwert d'Spëtzte vun de Beem aus dem Wouerbësch komm. An de Mereler Wisen, wou de Fliger sollt landen, hunn eng dausend Leit onnëtz op d'Landung gewaart.

Mir ginn allerdéngs elo hei duerch de Bësch weider, iwwert de Fittness-Parcours, deen 1974/1975 hei opgeriicht gouf vun Aarbechter ver der ARBED (division anti-crise) ënnert der Regie vum Fierschter. Déi Aarbechter hunn hei Noutstandsaarbechten verriicht, well jo an der Eisenindustrie an deer Zäit net genug Aarbecht war. 

Wa mer herno op deer anerer Säit aus dem Wouerbësch erauskommen, géif ech iech bieden, agnz gutt opzepassen. Mir mussen do e klengt Stéck iwwert déi grouss Strooss goen. Haalt iech w.e.gl. ganz lénks a laaft net an d'Strooss. D'Wiisser Leit kënne keng Responsabilitéit fir en eventuellen Onfall iwwerhuelen.



4. An der Bréim, am Géierwee

Dat mer elo laanscht d'Bréim gaange sinn, brauch ech hei jo sécher net ze soen. 

D'Bréim ass en Haff, deen zu Altwis gehéiert. Bedriwwe gëtt deen Haff haut vum Här Luc Vaessen, an dat säi 1972. Virdrun war et säi Brudder, deen am Dezember 1971 ganz jonk a Papp vu 4 Kanner gestuerwen ass. Deen hat den Haff gepacht vun enger Wiisser Famill, der Famill Krier-Back, déi den Haff laang Jore virdrun selwer bedriwwen hat. Vun der Bréim wësse mer awer och, dass 1843 de Stephan Schleck, deemolge Besëtzer vun der haiteger Taverne Victor Hugo, hei eng Kalléksbrennerei bedriwwen huet. 1850 gouf dann hei och nach eng Schënnerei (fir doudeg Déieren ze verwerten) an eng Giewerei (fir Lieder hierzestellen) ageriicht.

D'Bréim koum déi lescht Zäit awer och an d'Gespréich, wéi rieds goung iwwert de Flughafen, deen entweder zu Kanech (Golfplaz?) oder zu Wis sollt entstoen. Ee vun de Plangen huet eng Landepist hei virgesinn, Richtung Grouf-Welfréng. Wéi et am Moment mat deene Plange steet, wësse mer net. 

Geschwat gëtt hei awer och anch vum Fransousefeld. 1794, kuerz no der franséischer Revolutioun (1789), ware franséisch Revolutiounstruppen hei an der Géigend. Si haten engem Bauer vu Wis säin eenzegt Päerd geklaut. Deen huet sech op de Wee gemat an d'Stad, fir den Éisträicher (déi do Meeschter waren) säi Leed ze kloen. De Festungsgouverneur ass du lassgezunn an huet hei an eiser Géigend mat 90 Kavalleristen a 50 Infanteristen d'Fransousen, déi zu 800 waren, an der Nuecht iwwerfall. 200 Fransousen sollten dobäi gemuerkst an am Wouereck dohannen ënnergeschäert gi sinn.

Mir ginn elo duerch de Géierwee zréck bei d'Schoul. An der Mëtt vum Géierwee kräize mer en anere Wee, vun deem mer déinescht scho geschwat hunn: den Duelemerpad. Hie goung hei queesch duerch de Bann, op den alen Tipp zou erop a Richtung Fëlschdreff.

Mir kommen dann och nach laanscht en Deel vum Bann, énks vum Wee, d'gréiten Dresch, Erdwuerzel a Rossweiler genannt. Rossweiler war vum 5. bis zum 8. Jorhonnert no Christus eng Siidlung vu Gallier oder Gallo-Réimer. Méi no op d'Duerf zou läit dann op der lénker Säit, beim neie Kiirfecht, d'Nuetsweed, wouhinn d'Leit hir Béischten, déi den Dag iwwer geschafft ahten, nuets op d'Wees gefouert hunn.



**************************************************************************
1. Säit - - Plang vum Site
**************************************************************************


Drécken
Fir d'lescht geännert: 02/03/2024 @ 16:52:30
Générateur de code QR
olefa banner

Fir den Inhalt vun dëse Säiten © 2024
Mir iwwerhuele keng Responsabilitéit fir den Inhalt bei externe Linken