logo



Du bass hei:

Op eisem Site



Accueil
Nodenkleches:
Hobbyen
Schoul

Kontakt

    fir e Mail:
Générateur de code QR


PAGE untitled attachment link

Lëscht vun den Trëppeltier



5. Trëppeltour: 5. November 1989


Eis éischt Organisatioun, déi an d'Waasser gefall ass, et huet kräfteg gereent, an trotzdeem e schéine Succès gouf: net manner wéi 35 Leit haten sech afond. Op eis Fro: "Gi mer den Trëppeltour oder gi mer direkt an d'Schoul op de Glühwäin lass?", krute mer eng kloer Äntwert: "Mir si komm, fir den Tour ze goen!"


De Wee:

Grott - Dierbelt - Dresch - bei Hänkes an der Bieleschgaass (dee leschte Punkt hu mer fale gelooss, wéint de Wiederkonditiounen)

1. Bei der Grott

Hei op dëser Plaz stung fréier déi al Schoul, bis 1956 déi deemools nei Schoul gebaut war. D'Grott an de Monument aux morts sinn eréischt ufanks 60er Joren opgeriicht ginn.

IMG_7190.jpeg
Déi al Schoul gouf 1828 gebaut. Si huet deemools 2.507,86 Frang kascht. Awer scho virdrun huet eng Schoul zu Wis funktionnéiert, wann dat och meeschtens nëmmen am Wanter war. De Summer duerch ass dann erëm alles vergeess gin, wat de Wanter geléiert gouf. Bis an d'18. Jorhonnert gouf de Schoulmeeschter - et war dax en Handwierker aus dem Duerf, deen iergendwéi liesen a schreiwe konnt - vun de Privatleit bezuelt.

Eréischt am 19. Jorhonnert hunn de Staat an d'Gemengen sech der Schoul seriés ugeholl. Vun 1817 un ass de Schoulmeeschter dann och vun der Gemeng bezuelt ginn, an zwar no der Zuel vun de Kanner: 60 Centimes pro Kand a pro Mount. 

1818 krut de Jean-Pierre Buchholtz, e fréieren Zaldot vum Napoléon, deen elo als Schneider zu Wis geschafft huet, d'Erlaabness kritt, hei Schoul ze halen. 1845 huet hien seng éirevoll Demissioun kritt "wegen - sou steet et an de Gemengenakten - seines vorgerückten Alters (52 Joer) und seiner geringen Kenntnisse".

Déi al Schoul war mat de Fënsteren no Süden (Richtung Gare) gedréit, d'Haaptentrée awer no Osten (Richtung Dielecht). Dat gouf 1856 geännert, wéi no engem ganz schlëmme Schluet Reen e Wolkenbruch beim Wouerbësch den Dielecht a kuerzer Zäit esou grouss gi war, datt en alles mat eweg geholl huet, wat en ënnerwee fond huet. Eng Scheier an e Schapp hei vis-à-vis sin ëmgerappt guinn a virun d'Schouldier gespoult ginn, sou dass kee méi do konnt erauskommen, an d'Kanner duerch d'Fënsteren hu misse kloteren. D'Waasser stong 1,20 m héich am Schoulsall, Bicher a Këschten sinn zu de Fënsteren erausgeschwomm komm. Sou gouf dann d'Dir zur Südsäit hi verluet an d'Fënstersteng ëm en halwe Meter gehuewen.

D'Toilette vun der Schoul waren do am Bierg, laanscht den Doudekapp, do wou elo den Kierfechtstipp ass. Toiletten ass vläicht vill gesot, e Lach am Buedem, sou wéi een dat virun e puer Joer och nach a Frankräich konnt gesinn, huet den Déngscht och geleescht.

Hannert der zougebauter Dir, an der Kierfechtsmauer (riets niewent der Grott), do war de Kueleschapp, wou d'Kanner am Wanter Kuele schëppe gaang sinn, fir an der Schoul ze hëtzen.

IMG_7304.jpeg

Am "Luxemburger Schulbote" vun 1939, eng Zäitschrëft fir d'lëtzebuerger Schoulmeeschteren steet e Rapport iwwert d'Schoulgebaier am Lëtzebuerger Land. Dora gëtt ernimmt, dass d'Schoul vu Wis net den Usprech vun enger Schoul entsprecht, dass et eng Schoul ass mat kengem oder engem schlechten Schoulhaff, dass d'Toiletten ze wënschen iwwregloossen, dass d'Botzen vum Gebai net esou funktionnéiert wéi néideg. Also och déi Zäit huet et laang gedauert - bis 1956 -, bis déi bestehend Problemer geléist goufen duerch de Bau vun enger neier Schoul.

Vis-à-vis vun der Schoul stung e grouss Haus, dat als Meedechersschoul gedéngt huet. Bis zum Bau vun der neier Schoul 1956 sinn d'Meedecher samschdes Muerges dohinner gaang fir Bitzen a Strécken ze léieren. D'Bouwen hunn an deer Zäit mam Schoulmeeschter däitsch Deklinatiounen a Knjugatiounen geléiert. Dat hunn d'Meedecher jo net gebraucht, déi si jo laum an de Koléisch oder de Lycée gaangen.

Dee leschte Schoulmeeschter, deen hei Schoul gehalen huet, war den Här Edouard Kieffer, deen Uganks 80er Joren gestuerf ass. Hie war 33 Joer laang hei Schoulmeeschter. Säi Virgänger ass zimlech gutt bekannt: den Här Jean-Pierre Molitor, dee d'Buch uvn Altwis: "Altwies und seine Ortsgeschichte" geschriwwen huet.
molitor.jpeg
Hie war wärend 40 Joer Schoulmeeschter hei zu Wis.

Uewen un der Schoul, d'Rue Victor Hugo erop, stungen nach zwee Haiser. Et kann een sech jo virstellen, dass de Passage fir d'Strooss net ganz grouss war, an esou huet d'Gemeng 1938 dann d'Uhryshaus (250 Joer al) opkaaft an ofgerappt. 

E bëssche méi erop an der rue Victor Hugo, um Fouss vun dem Kierchefiels war e Palier mat enger Maierchen virdrun, déi 1984 ofgerappt gouf. Do ass 1939 fir 100-Joer Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg de Fräiheetsbam geplanzt. Spéider ass e méi eroggesat ginn, gläich hannert d'Schoul. Petter vum Bam war de René Muller, spéidere Präsident vun der Fanfare Altwies, Giedel war d'Jeanny Tremuth (as spéider op Bieles wunne gaang).

fraiheetsbam.jpeg

De Paschtouer op der Foto ass den Här Mathias Donven, de "Vizmetty". Ganz lénks: De René MUller, spéidere President vun der "Fanfare Altwies".


D'Haus Berscheid op deer anerer Säit vun der rue Victor Hugo huet den alen Hausnumm "a Päifesch". Fréier war do eng Giewerei, et war och alt eng Brennerei an e Café.

Am Haus Hebisch ("a Schneidesch") vis-à-vis vun der haiteger Grott huet den Notär Jean-Paul Winckel gewunnt.

D'Wiisser Kierch gouf Uganks der 70er Joren vum leschte Jorhonnert (19. Jh.) gebaut. Awer scho virdrun srtung hei um Fiels eng Kapell, a schonn a virgeschichtlecher Zäit soll hei eng heednesch Kultstätte gewiescht sinn. D'Par Altwis war 1874 zur selbstständeger Par erhuewe ginn, nodeems se laang zu Obler (Abweiler) bei Beetebuerg an zu Munneref gehéiert huet. Den éischte Paschtouer war de Jean-Jacques Hommel.

1968 ënnert dem Paschtouer Charles Graul gouf d'Kierch dann bannendran renovéiert. 1977 huet se eng nei Fassad kritt, den Daach gouf gefléckt an d'Niewenaltär mam Priedegtstull sinn esou an d'Rei gesat ginn wéi se haut (1985) ausgesinn. 1985/1986 ass dann deen neien Happtälter vum Paschtouer Ernest Hentzen zesummegedroe ginn an am Konschtschräineratelier Jungblut zu Réimech zesummegebaut ginn. Si enthält ganz vill Konschtwierker vun de Kënschtler Greeff.



2. Um Dierbelt beim Weekräiz

Hei op dëser Plaz gëtt an Zesummenaarbecht vun de Wiisser Leit mat der Gemeng Munneref an dem Service des Sites et Monuments vum Här Georges Calteux eng zweet Restauratioun - no dee vum Greeffkräiz op der Dresch - vun engem Greeffkräiz ausgefouert. Dee Sockel hei ass zimlech wertvoll, hu mir eis vu Spezialisten soe gelooss. D'Kräiz allerdéngs, wat déi lescht Joren hei drop stung, war net méi den Originalkapp. Deen ass 1910 hei "entwendet" ginn, steet an de Bicher. 1918 gouf dann dat Steekräiz dropgesat, wat is d'lescht Joer hei stung. Geplangt ass elo, eng Kopie (e Moulage) vum Tëschestéck, déi an den Atelieren vum Service des Sites et Monuments zu Buerglënster hirgestallt gouf, hei opzeriichten mat enger Kopie, am Stee gehaen, vun engem anere Greeff-Weekräiz, dat haut am Hôtel du Grand Chef zu Munneref steet. 

Hei si mer awer och no bei der Räichtumsquell vu Wis. Wis war jo en Duerf vun de Steenhaer, net nëmmen vu Kënschtler wéi d'Famill Greeff, mee och vu méi "alldeegleche" Kënschtler, vun einfachen Aarbechter, déi hiert Brout an de Steebréch verdéngt hunn. Hei ënnendrun, hei vis-à-vis an hei uewendrun si Steng gehaen a Sand gesifft ginn, fir e.a. Haiser ze bauen. Bis an d'50er Joren huet een de Ruff "Gare à la mine" héieren, wann hei gesprengt ginn ass. Ech hunn dat selwer nach erlieft, wann ech mat mengem Papp do hannen an eise Steebroch schaffe komm sinn. Déi ganz Aarbecht ass mat der Hand gemat ginn: Lächer mat der Barre-mine si gestouss ginn, fir d'Polver an d'Kartuschen dran ze man virum Sprengen; mat der Pioche si Kaule an déi déck Steng geklappt ginn, fir e Schloper unzesetzen; mat der Schlo as de Bengerléck - sou hunn déi haart Steng hei geheescht - op déi déi richteg Plaz gehoe ginn, fir dass se richteg duerchgefuer sinn; aus Sandsteng si Mollonge gehae ginn, déi un der Loft haart gi sinn; mat der Schëpp ass de Sand duerch d'Huert - dee grousse Sift - gehäit ginn; mat der Schuppkar sin d'Gravaten - d'Steng di net duerch d'Huert gaange sinn - fortgefouert ginn.

Déi Steebréch konnte besser ausgebeut ginn, säit se zënter 1882 duerch d'Eisebunn besser zougänglech gemat goufen. Spéider sinn Sand a Steng dann och mat Camionen iwwert d'Strooss duerch d'Land gefuert ginn.

1975 huet dann d'Firma Feidt ugefaang, de Sand an d'Steng hei an de Grouwen opzebauen. Pro Dag sinn alt 2.000 t vun hei op Cattenom transportéiert ginn, fir do bei Bau vum Atomkraaftwierk verschafft ze ginn.

Parallel zur Eisebunn ass 1934 hei déi nei Strooss ugeluet ginn. Bis dat Joer war den Dierbelt hei déi wichtegst Verbindungsstrooss vu Wis op Uespelt. Op deer Strooss sinn hei no bäi och schonn eng Rei déidlech Akzidenter geschéit: 1962 as doënnen beim Steebroch d'Madame Diederich, Propriétairin vum Hôtel du Grand Chef déitlech verongléckt; 1970 war et dann den Edouard Kiessel, Jong vun engem gebuerene Wiisser, Dem Kiessel Marcel, Brudder vum Kiessel René, deen hei ënnen an der Kéier bei der Hengechersmillen säi Liewe gelooss huet.

An deem Steebroch hei ënnendrun sinn 1924 Déiereknachen a Bakzänn vun engem Nashorn aus der Virgeschicht fonnt ginn. 1939 goufen an deem selwechte Steebroch och e Graf entdeckt aus der Zäit vun 900 bis 500 viru Christus. En anert Graf aus der Zäit vu 1500 bis 500 viru Christus ass méi no bei der Hengechersmillen fonnt ginn.

D'Hengechersmillen ass en anert Thema, dat hei ernimmt muss ginn. Zënter 1962 gehéiert d'Hengechersmillen dem Här an der Madame Leweck-Bauer. Villes deit drop hinn, dass op deer Plaz schonn zur Réimerzäit eng Villa oder eng Millen gestan huet. Dat haitegt Gebai ass am 17. Jorhonnert gebaut ginn: am Giewel fënnt een d'Joreszuel 1679 an iwwert der Kellerdir, dee fréieren Haaptagank vun der Hengechersmillen ass an engem Wopen d'Joreszuel 1697 festgehalen. 

Dat Kräiz hei ass vum Peter Müller, deemolege Besëtzer vun der Hengechersmillen em 1730 gestëfft ginn. Säi Papp, och e Peter Müller, war eng Rei vu Joren méi fréi nuets 20 m héich erof vun enger Fiels no bei der Mille gefall an ass dout leie bliwwen.

Wärend der franséischer Revolutioun huet e Paschtouer no bei der Hengechersmillen an enger Hiel gehaust. Hie wollt sech net vun der Kierch lass soen an den Eed op d'Republik schwiren. Nach haut heescht déi Hiel: d'Pafekimmerchen. Op der Hengechersmillen huet en d'Mass gehalen.

An der Nuecht vum 9. op den 10. Dezember 1913 huet de Kniecht vun der Hengechersmillen säi Patron erschloen. De Patron war als gewalttäteg bekannt a sou ass de Kniecht emol ner verhafft a spéider esouguer vum Geriicht fräi gesprach ginn.

Lo gi mer weider iwwert den Dierbelt, d'Huelgaass erop, d'Fëlschdrefferstrooss erof bis op d'Dresch, eis nächst Statioun.



3. Op der Dresch

Hei si mer am neien Duerfkär, op deer neier Duerfplaz, wéi se vun eiser Gemengeverwaltung geschafe gouf. 

Do uewen an der Kéier, wéi mer aus der Huelgaass eraus komm sinn, hu mer den Héiwee gesinn, de Wee fir op Fëlschdreff a fir op Duelem, dee scho ganz sécher an der Zäit vun de Réimer bestan huet. Och deen Numm Huelgaass, dee e Verbindungswee war tëschend der Baach an der Furt, do ënnen bei Fäipels an der Réimerstrooss, weist dorop hin.

Um Héiwee steet jo och nach e Greeffkräiz. 't ass d'Statioun, wou de Jesus um Kräiz hänkt. Et ass 1955 do opgeriicht ginn. Et ass d'Weihercherskräiz, wat drop hiweist, dass et virdrun am Weiherchen stung. Stëftungsdatum vum Kräiz ass 1742.

KRaIZHeIWEE.jpeg
Hei ass dat Kräiz, wat als éischt vun de Wiisser Leit restauréiert gelooss ginn ass, an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an dem Service des Sites et Monuments.

Hei am Eck stung och den Atelier vun de Kënschtler Greeff, déi haaptsächlech am 18. Jorhonneret hei geschafft hunn. Hier Ewierker si verspreet duerch d'ganz Géigend, hei am Ländchen a wäit eran an d'Lothréngen. Et kann een net ufänken, Kierchen opzezielen, wou hir Wierker dra stinn, et verhësst een der ganz sécher. Si hunn am Holz, a wéi mer hei gesinn, och am Stee geschafft. Hei steet elo allerdéngs net méi den Original-Kapp drop, deen hunn d'Wiisser Leit ënner Daach geholl, mee e Moulage, eng gegosse Kopie. Déi orinal Steng mussen esoi vill wéi méiglech ënner Dag geholl ginn, well se den Ugrëff vu Reen a Schnéi a vun eiser Loftverschmotzung haut net méi gewuess sinn. D'Original soll um neie Kierfecht an enger Kapell ënnerbruecht ginn.

KRaIZDRESCH.jpeg

Dat Kräiz hei ass 1729 gestëfft ginn. An der 60er Joren ass d'Haus Stumper hei ofgedroe ginn an d'Kräiz ass duerno erëm nei opgestallt ginn.

Mir sinn hei op der Dresch, aner Leit am Duerf soen och nach de Manège. Kloer ass domat, dass fréier hei d'Frut gedresch gouf. Manège dofir, well d'Uessen hei ronderëm gaange sinn fir ze dreschen.

Hei hannendrun läit de Wues. Interessant sinn d'Hausnimm hei ronderëm an deenen Haiser hir Geschicht: 
a Streckesch: dohin hunn d'Leit fréier hir Wäsch gedron fir se gestreckt ze kréien. Am selwechten Haus war och zäitweileg eng Epicerie.
Och an Engels (dat Haus gouf eweggerappt, et huet niewent Cichys Marcel sengem Haus gestan) huet eng Néidesch a Streckesch gewunnt, grad wéi 
a Fellesch, sou heescht Cichys Marcel säin Haus. Do war awer och nach eng Epicerie an eng Schräinerei dran, natierlech net alles zur selwechter Zäit.
a Mathes
, dem Haus vum Tremuth Emile, huet e Steemetzer gewunnt.
Op, deer anerer Säit vun der Fëlschdrefferstrooss, am Haus Müller-Pilois (a Lattesch) huet dee leschte Schouschter vu Wis geschafft, der Madame Müller hire Mann, de Papp vum Müller René, Brauesch Ren, de fréiere President vun der Fanfare Altwies.
D'Haus hei uewen un der Plaz an der Fëlschdrefferstrooss heescht a Schmatz
E Schmatt, an zwar Mousels Camille, huet dohannen am Haus Saksida gewunnt. Säin Atelier stung do, wou de Jean-Paul Renckens haut gebaut huet. Éier de Camille zu Munneref säin Atelier opgemat huet, hat hien och nach eng ganz Rei Joren do ënnen un der Lëtzebuergerstrooss am haitegen Garage Stamerra seng Schmëtt.
Am Haus Kiessel gouf et nach bis Enn de 50er Joren eng Epicerie. 

Ee Wuert wëll ech awer och nach soen zum Café Kohn. 1872 gouf deen opgemat, huet haut also 117 Joer. Bei 120 feiere mer! Och am Haus Kohn huet laang Joren nach eng Epicerie funktionnéiert. E bekannte Jong aus deem Haus war den Emil Kohn, dee jo och seng Strooss hei zu Wis huet. Hie war Militärmuséker a Komponist. Hie war och den éischten Dirigent vun der Wiisser Musék, der Fanfare Altwies.

Mir ginn elo weider duerch d'Groussgaass an d'Bieleschgaass. Bei Hänkes maache mer dann déi virlescht Statioun, éier mer an der Schoul déi lescht aleeën.



4. Bei Hänkes an der Bieleschgaass

Lo grad si mer an der Groussgaass laanscht e butzegt Haische gaang, dat Haus niewent dem Wunnhaus Stümper. Et heescht a Brauesch. Ech wëll  dat just kuerz ernimmen, well an deem Haischen eng Famill mat 12 Kanner gewunnt soll hunn, niewent de Béischten, déi och dran ënnerburecht waren. Wéi dat praktesch ze maache war, weess ech net.

D'Hänkesvill ass 1901 gebaut ginn. Baue gelooss huet se dee Mann, no deem déi heite Strooss genannt ass, de Jean-Pierre Koppes. Schonn um Haus gesäit een, dass de Jean-Pierre Koppes e Kënschtler war. Hie war Glasmoler, Zeechner a Komponist. Gebuer gouf en de 26. März 1866. Gestuerf ass en den 20. Mäerz 1941 an engem Klouschter, wouhinn en sech zréckgezunn hat, fir säi Liewensowend an der Stëll ze verbréngen, zu Clairefontaine, no bei Arel an der Belsch, direkt op der Grenz zu Lëtzebuerg bei Äischen. Do ass en och begruewen, op engem klenge Kierfecht, niewent Pateren a Bridder vu Clairefontaine. An der Kapell ass hannert dem Haaptaltoer eng grouss Wandmolerei, déi eng Kräizegung durstellt. Déi ass vum Jean-Pierre Koppes.

Déi Gässel hei erof op d'grouss Strooss heescht Buergässel. Doduerch sinn d'Leit erof gaang bei der Buer, e Pëtz, fir Wasser sichen ze goen.

Do hannen, wou Stëmpesch Alain seng Ställ a säi Silo stinn, stung bis 1975, wéi et ëmgebaut gouf, d'Haus a Bielesch. Dra gewunnt hunn an de 50er Joren d'Bielesch Märi an de Bielesch Jängy mam Familljenmnumm Scchuster. Dra gewunnt huet awer och fréier de Schouschter Néckel, en Entrepreneur, deen 1922 déi zwou grouss Villen ënnen an der Kaz gebaut huet, déi haut der Famill Berchem an der Famill Jander (Galerie de la Chapelle) gehéieren. Hien huet och d'Haus a Läiken gebaut. 

A Moutzen, haut Mandarino, huet en Zammermann gewunnt. Bis an d'50er Joren war och nach e Café mat Keelebunn an deem Haus. 

d'Haus Belener heescht mam Hausnumm a Stëmpesch, dat war mat deen déckste Bauer aus dem Duerf. Do gewunnt huet och den Thill Ali, dee spéider op der Gare de Café de la Gare an eng Grieß- a Kleiehandlung bedriwwen huet. Hie war de Papp vum Thill Lucien (deen eist "Héichhaus" zu Wis baue gelooss huet, mat ënnen dran enger Epicerie, déi spéider d'Famill Kirwel iwwerholl huet) a vum Marcel Thill, dee ganz ville vun eis och nach als Musikant bekannt ass.

Nach weider dohin, d'Stee erof gläich lénks, am Haus vum Molitor Jos - et heescht a Schlessesch - huet den Entrepreneur gewunnt, deen d'Bréck bei Fäipels gebaut huet. Doran huet awer och méi spéit de Schoulmeeschter Jean-Pierre Molitor gewunnt.

Ech hoffen, dass eisen Tour iech e bëssche gefall huet, och wënschen ech iech nach eflotten Ofschloss vum Nomëtteg an der Schoul bei Glühwäin a Bréidchen. Merci op alle Fall fir d'Nolauschteren.




**************************************************************************
1. Säit - - Plang vum Site
**************************************************************************


Drécken
Fir d'lescht geännert: 02/03/2024 @ 16:52:30
Générateur de code QR
olefa banner

Fir den Inhalt vun dëse Säiten © 2024
Mir iwwerhuele keng Responsabilitéit fir den Inhalt bei externe Linken