logo



Du bass hei:

Op eisem Site



Accueil
Nodenkleches:
Hobbyen
Schoul

Kontakt

    fir e Mail:
Générateur de code QR


PAGE untitled attachment link

Lëscht vun den Trëppeltier



3. Trëppeltour: 8. November 1987


90 Leit haten sech afond, fir mat op deen 3. Trëppeltour ze goen. De Men Kieffer war och do, fir eng Foto ze man fir an d'Press.

De Wee:
vun der Grott - iwwert Bréck Pont Victor Hugo - Haus Feipel - op d'Held - duerch den Hiumlenger Wee - bei d'Douaniershaischen bei Munneref - op de Kaaschtel erop - laanscht d'Kräizkapell - bei d'Schoul

Statioune mat Kommentar:
1. am Lothréngen beim Haus Feipel
3 Brécken stinn vu Munneref un bis hei an d'Uespelter Strooss. D'Bréck hei beim Haus Feipel gouf 1894 gebaut. Se huet deemools 3.050 Frang kascht. Den Entreprteneur, deen se gebaut huet, war den Jacques Steinmetz vun Altwis. Hien huet gewunnt am haitegen Haus Stoffel-Molitor.

Méi al ass awer d'Bréck do ënnen op der Gare. Wéini dass déi éischt Bréck do gebaut gouf, wësse mer net. Mir wëssen nëmmen, dass déi Bréck 1837 agetrollt ass an duerno erneiert gouf. 1865, also bal 30 Joer méi spéit gouf dann déi haiteg Bréck, d'Cossmanns-Bréck oder elo zënter 1985 de Pont Victor Hugo gebaut vum deemolge Besëtzer vum Hôtel de Paris, de Maurice Cossmann-Vigreux. 

D'Bréck bei der Kaaschtelmillen gouf 1880 gebaut. 1940, den 11. Mee, ass se gesprengt ginn an nom Krich erëm esou opgeriicht, wéi se haut do steet.

E puer Wuert dann och zu "eiser" Baach, d'Albaach oder d'Ganer (Gander). Si entspréngt op ongeféier 235 m Héicht tëschend Helleng a Fréiseng. Hire ganze Laf ass ongeféier 24 km laang. Bei Rettel/Uewerkontz am Lothréngen op enger Héicht vun 147 m fléisst se dann an d'Musel. Op ongeféier 10 km mécht se d'Grenz tëschend Lëtzebuerg a Frankräich. Si huet en Duerchschnëtzgefäll vun ongeféier 4 m op 1 km. 

Déi Baach ass net ongeféierlech. Sou wësse mer vun engem schlëmmen Donnerwierder 1708, den 23. August. Doduerch ass d'Baach esou grouss ginn, dass zu Wis an zu Munneref d'Haiser laanscht d'Baach mateweggeholl goufen. 24 Mënschen an e ganze Koup Béischten sinn am Waasser erdronk.

1867 war de Kazendëmpel (läit haut hannert dem Haus vum Kirwel Franz) liicht zougefruer. Zwee Kanner vun  6 a vun 10 Joer sinn drop gelaf, agebrach an erdronk. 

Och den Däich vun der Kaaschtelmillen, deen hei bei der ieweschter Bréck ugefaang huet, ass scho munch engem zum Verhängnes ginn:
sou 1826, de 24. November, dem Bannpréiter Nicolas Schweitzer;
1860, den 23. Oktober, dem Bréifdréier Mathias Kies sengem Meedchen vu 4 an en halleft Joer (aus dem Kiessenhaus, der haiteger Taverne Victor Hugo);
1877, den 12. August (also och matten am Summer) engem 39 Joer ale Mann, dem Jacques Buchholtz;
1894, den 10. März, engem 46 Joer alen Usträicher.

Dee Kanal, den Däich vun der Kaaschtelmillen, gouf 1906 dann vun der Gare un op 100 m a Réier gefaasst an zougeluegt. 1931 gouf e ganz eweg gemat an d'Millen stëll geluegt. 

Ernimme kann een och nach, dass om Baachwues (hei ënnen un der Bréck) 1924 25 Puppelien gesat goufen. 50 aner ware schonn 1920 uewen un der Bréck gesat ginn. 1973 gouf dann e groussen Deel vun hinnen ëmgeluegt. 
Op dem Baachwues huet d'fréier och d'Musék hir Wisefester ofgehalen. Déi e bëssche méi al vun eis kënnen sech bestëmmt nach gutt dorun erënneren. Do gouf Concert gespillt, gedanzt, Keele gespillt, …


beckeschmillen.jpeg
Hei vis-à-vis hannert dem Haus Meyer louch fréier d'Beckeschmillen, eng vun deene 4 Millen, déi hei op kuerzer Distanz laanscht d'Albaach louchen: d'Leemillen, d'Hengechersmillen, d'Beckeschmillen an d'Kaaschtelmillen. Si hunn deene verschiddenen Herrschafte gehéiert, zu deenen och d'Uertschaft Altwis gehéiert huet. Sou war d'Beckeschmillen en Deel vun der Herrschaft Ruedemaacher. Hiren Numm krut se, well niewent der Millen och de Bannuewen, d'Bannbäckerei louch, an deer d'Leit aus dem Duerf hiert Brout hu misse bake loossen, sou wéi se an der Millen vun hirem Hàr och hu missen hiert Kar muele loossen. Dofir hunn se dann awer missen bezuelen. 

D'Kräiz hei um Giewel gouf 1822 opgeriicht.

Hei hannendrun geet et erop op Birel, d'Birelerkopp. Do goufen et 1880 nach e puer Kektar Wangerten. D'Drauwen doraus goufen an Däitschland verkaaft. 

E puer Wuert nach iwwert d'Geschicht vun der Lothrénger Säit:
* dat éischt Haus op dëser Säit vun der Baach gouf virun 260 Joer, 1726 opgeriicht vum Dokter Well-Greisch.
* 1678 haten d'Fransousen déi Säit besat.
* 1769 gouf déi haiteg Grenz duerch den Versailler Vertrag festgeluecht, deen Altwis a Munneref all Kéier an zwee Stécker gespléckt huet. Deen Deel vu Wis gouf dun Altvisse.
* 1815, nom Napoléon, sollten déi Haiser dës Säit erëm zu Altwis kommen, dat déi Zäit den Hollänner gehéiert huet. Dogéint waren allerdéngs d'Bewunner an den deemolege Buergermeeschter Vigreux, deen zu Altwis gewunnt huet.
* 1930 sinn d'Haiser op der franséischer Säit un d'lëtzebuerger Stroumnetz ugeschloss.



2. Uewen op der Held

Hei steet en uraalt Weekräiz.

kraizHeld.jpeg
Dat ass allerdéngs kee Weekräiz wéi déi aner, eleng well et am Ufank iwwerhaapt kee Kräiz war. Dat war e Grenzsteen, wou verschidden Herrschaftsgebiter zesumme komm sinn. Op deer Sail gesäit een haut nach zwou Nischen. Fréier waren et der sécher 4. A jidfer Nisch war de Wopen vun enger vun deenen Herrschaften, deenen hir Gebiter sech hei getraff hunn: Ruedemaacher, Pëttléngen, Roussy:https:\/\/fr\.wikipedia\.org\/wiki\/Roussy\-le\-Village#Histoire a Präisch.

wopen_RODEMACK-57.jpg wopen_puttelange.png wopen_roussy.png wopen_preisch.png
Wopen vun den Herrschaften Ruedemaacher - Pëttléngen - Roussy - Präisch


Deemno op wat fir engem Gebitt d'Leit déi Zäit gelieft hunn, hunn se missen hirem jeweilegen Här d'Fron - eng Zort Zwangsaarbecht - leeschten. Dofir gëtt dat Kräiz hei och nach "Fronkräiz" genannt.

1872 huet de Baron de Gargan vu Präisch (haut -1985 - ass och nach ëmmer d'Famill de Gargan Här zuz Präisch) dat Fronkräiz restauréire gelooss. Du gouf och sécher eréischt dat Kräiz uewen op déi Sail gesat. Déi Aarbecht huet den deemolge Steemtzer Peter Reyter vu Pëttléng gemat. Hie war gebierteg vu Wis. De Numm vum Bann hei op der franséischer Säit huet och eppes mat deer Grenz ze dongen: et ass d'Scheedwiss. Gi mer de Wee hei weider, komme mer lénker Hand laanscht d'Kleng Scheed (Klengscheed).

Op der lëtzebuerger Säit gesi mer den Dierbelt. Dolaanscht geet och déi al Strooss fir op Uespelt. Déi neiu Stroos, ënne laanscht Ganer, gouf eréischt 1934 gebaut laanscht déi deemoleg Eisebunnstreck.

E "chemin de fer" hate mer hei zu Wis awer scho laang, éier et iwwerhaapt eng Eisebunn ginn ass, nämlech den Eisewee (op ale franséische Kaarten als "chemin de fer" agedroen). Dee Numm hat hie kritt, well doriwwer Eisenerz ("Wiesenerz") aus dem Minette vun Dideleng eriwwer transportéiert gouf op Stadbriedemes, fir do op Schëffer verlueden an an Dàitschland gefouert ze ginn. Do gouf et dann zu Eisen verschafft. Den Eisewee koum dohannen hir, laanscht d'Präischermauer. Den Eisewee war awer och laang den eenzege Verbindungswee vu Wis op Uespelt.

Mir ginn elo weider dohannen hin, wou fréier d'Douaniershaische stung. Ënnerwee gi mer iwwert eng kleng Bächelchen, dat ass d'Déiwebaach, déi mer laanscht den Himléngerwee herno erëmfannen.


3. Beim (ofgerappten) Douaniershaischen (op der Kräizung Held - Himeléng - Mondorff/Moselle)

Hei stung bis virun e puer Joer nach en Douaniershaischen. D'Kontrolle waren awer och zu deer Zäit net méi esou streng wéi an de Joren nom Krich. D'Schmuggele vun Tubak, Alkohol, Hamen an deers méi war ze soen op der Dagesuerdnung. Dovu weess vläicht munchereen méi ze verziele wéi ech. Éier dat heiten Haischen allerdéngs opgeriicht gouf, stung dohannen am Himlénger Wee eng blechen Haip, just gutt fir ënner Daach ze sëtzen, wann et gereent huet. Haut gesäit een déi Plaz nach, eng honnert Meter méi erop, do wou och nach eise Potoen am Buedem stinn, déi virgesi waren, fir d'Strooss ze spären. 

Hei koum da fréier och nach e Wee eraus vun nder Birelkopp hir. Mir sinn deen alt nach gaangen, wa mer vu Wis zu Fouss op Himeléng gaange sinn. Haut ass en zougewuess. 

Geet een hei weider, da kënnt een op Himeléng, Haléng, Präisch, Rëntgen … Fir vill Leit wir et vläicht interessant, déi Dierfer emol eng Kéier ze besichen. Do fillt een sech bal an d'lescht Jorhonnert versat, obschonns ee muss soen, dass an deene leschte 10 bis 20 Joer grouss Efforten gemat goufen. Viru manner wéi 20 Joren zum Beispill war zu Himeléng eng Waasserleitung nach onbekannt. D'Waasser gouf aus dem Pëtz virum Haus geschäfft.

Do hannen gesäit een dann och den Himlénger Bësch, fir munch Leit d'Plaz, wou se am Fréijoer d'Meeréisecher plécke ginn. Gi mer hei virun, komme mer zu Munnerëf op der franséischer Säit an deer neier Cité mat deene villen Haiser, déi sech gläichen eraus. Deen anere Bësch a Richtung Munnerëf ass de Béngterbësch.



4. Ënne beim Kaaschtelbierg op der Munnerefer Säit

kaaschtelbierg.jpeg
kaaschtelbierg2.jpeg

2 Illustratioune vum Lé Tanson:
De Kaaschtelbierg vun der Munnerefer Säit

Déi kleng Perch hei niewent dem Wee gehéiert dem Här Paternicola. De Virnumm ass eis onbekannt, déi meeschte vun iech kennen deen Här awer, hien trëppelt, Summer wéi Wanter, an der kuerzer Box vu Munneref erop heihin bei séng Béischten.

Da musse mer awer och nach e puer Wuert soen iwwert d'Statiounen, déi hei laanscht de Wee erop stinn. Déi éischt Statiounen goufen 1913 opgeriicht. Dëst Joer dann (1985) sinn se erneiert ginn, eng no deer anerer: déi 4 lescht stinn nach an hirem alen Zoustand do uewen, Den Haut-Relief an deenen ale Statiounen war aus Terra Cotta, Terre cuite, gebrannte Leem. Si si zu Tréier hirgestallt ginn. Déi nei Placken hei sinn aus Goss. Den Entworf dozou huet den Här Lé Tanson vu Munneref gemat. D'Statioun en stellen déi siwe Schmerzen vun der Mutter Gottes dur. 1913 wéi déi éischt Statiounen hei opgeriicht goufe, ass och niewent all Sattioun eng Lann geplanzt ginn. 

Kuerz erënneren wëll ech och nah un dat, wat ech déinescht op der Bréck dohanne bei Fäipels gesot hunn. Déi éischt ass 1880 gebaut ginn. Si ass den 11. Mee 1940, den zweeten Dag nom Iwwerfall vun de Preisen am 2. Weltkrich hei am Westen, zerstéiert. Gläich nom Krich ass se awer erëm opgebaut ginn. 

Et kann een och vläicht dervu profitéieren, fir iech ze soen, dass dir och mam Auto heutjesdaags iwwert déi Brécken an d'Lothréngen dierft fueren. Dir musst nëmmen epuer Konditiounen erfëllen:_
1. Dir musst en Awunner vun engem Staat aus der Europäescher Unioun sinn.
2. Dir dierft näischt ze deklaréiren hunn,
3. Dir musst är Pabeiere bei iech hunn.
Dat ass schonn e Fortschrëtt, wann och e klengen, dee mer eisem Europa ze verdanken hunn.

Dann e puer Wuert zur Kaaschtelmillen. Si stung dohannen, op der lëtzebuerger Säit an der Kéier op der Héicht vun der Baach. Et war d'Bannmillen vun der Herrschaft Pëttléngen. D'Miller vun der Kaaschtelmillen waren ganz dichteg Leit, e puer vun hinnen sinn an den Dokumenter ernimmt als Geriichtshären. Och ee vun deene leschten Awunner vun der Millen war Haaptfriddensriichter zu Iechternach. Kaaschtemiller Puttes, Hemmen Jos huet e geheescht. Hien ass 1981 gestuerf.

Wéi mäerderesch de Kanal vun der Kaaschtelmillen war, hu mer déinescht jo scho gesot. Och d'Strooss huet seng Affer gefuerdert: sou bei der Kaaschtelmillen 1970, de 7. Dezember: d'Mme Ady Berchem-Becker an hiert Meedchen Marie-Claire si vun engem Träger erschlo ginn, dee vun engem Camion erofgetrollt ass. E puer Joer méi spéit ass just op deer selwechter Plaz d'Claudine Kieffer, d'Meedchen vum Kifesch Men vu Munneref iwwerfuer ginn vun engem Kiermeswon. Déi Akzidenter hu sécher och derzou gefouert, dass d'Kaaschtelmillen ofgerappt gouf, fir enger Verbreederung vun der Strooss Plaz ze man.



5. Op dem Kaaschtel

Dat éischt vun deem mer wëssen, dass et hei um Bierg stung, war e réimesche Kastell. Dohir huet dës Plaz dann hiren Numm kritt a bis haut behalen.

Och zur Zäit vun de Franken, déi d'Réimer aus eise Géigende verdriwwen oder sech mat hinne vermëscht hunn, ware de Kaaschtel bewunnt. Zeien dovun sinn nach Steeplacken, déi hei um Bierg fonnt goufen an ënnert deenen Mënschen- a Päerdsknachen aus der Frankenzäit louchen. Op den Trümmer vun deem réimesche Kastell hunn da méi spéit Mënchen vun Iechternach e klengt Klouschter an eng Kapell opgeriicht. 

kaaschtel.jpeg
Déi Kapell war dem Erléiser geweit ginn, de Bierg huet dofir och den "Erléiserbierg" geheescht. Wallfahrten hu stattfonnt. D'Pilger konnten sech eise Krounen mat engem Kräiz op de Kapp setzen, dat sollt géint Kappwéi hëllefen. Déi Kroune sollten nach bis kuerz nom Krich dogewiescht sinn.

D'Péngschtdeeg, Päischtméindeg a Päischtdënschdeg waren déi grouss Deeg vun der Wallfahrt. Leit aus der ganzer Ëngéigend, vu Wis, Muneref, Pëttléngen, Duelem, Fréiseng, Uespelt, Helleng, Iewréngen an esou guer vun Hoen (bei Stengefort) sinn heihi gezunn. d'Geschäftsleit hunn natierlech dovu profitéiert - sou wéi dat haut och nach an der Oktav an der Stad ass - als éischt fir de Pilger Iessen a Gedrénks ze verkafen, duerno awer och fir gutt Geschäfter ze man. Dat huet et dann och matsechbruecht, dass déi Prëssessiounen méi wéi eng Kéier vun de kiirchlechen Autoritéite verbuede si ginn.

Och haut ginn nach Prëssessiounen heihin op de Kaaschtel, Päischtméindeg, Mariä Himmelfahrt de 15. August an och eng vun deenen 3 Bittprëssessiounen viru Christi Himmelfahrt. An de 60er Joren huet d'Sektioun Altwies vun der Chrëschtlecher Gewerkschaft (LCGB), all Joer, den 1. Mee hei eng Mass hale gelooss. Op der Wiss niewent der Kapell gouf dann en Altoer opgeriicht ronderëm deen sech d'Leit afonnt hunn fir d'Mass ze feieren.

Niewent der Kapell war awer och eng Klaus. Doranner hunn Einsidler gelieft, an dat bis virun ongeföier 150 Joer. 1826 ass dee leschte bekannten Eremit vum Kaaschtel gestuerf. D'Klaus gouf 1845 ofgerappt an d'Dir zougebaut. De Keller vun der Klaus ass haut nach hannert der Kapell ze gesinn.

Mat engem kuerzen Intervall vun 20 Joer (1874-1894) huet de Kaaschtel ëmmer zu Wis gehéiert, an och haut nach ass de Paschtouer vu Wis den Desservant vum Kaaschtel. 

1880 huet den Daach vun deer deemoleger Kapell, déi esou grouss war wéi haut d'Kapell an de Virhaff zesummen, ganz schlecht ausgesinn. Well awer keng Sue do waren, fir den Daach ze flécken, gouf ganz einfach d'Schëff vun der Kapell bis op déi Héicht, wéi mer se haut hei gesinn, ofgedroen. 

1908 ass d'Lourdes-Grott virun der Kapell ageweit ginn. Bis viru Kuerzem stung do och nach eng Statu vun der knéiender Bernadette virun der Grott. Iwwerbliwwen ass leider nëmme méi de Steen, wourop d'Statu stung. 

1930 sinn den Daach an d'Maueren duerch d'Munnerfer Gemeng (lëtzebuerger Säit) erneiert ginn. D'Gemeng vun der franséischer Säit huet sech och un de Käschte bedeelegt mat genau 50 Frang.

1979 ass dann de Wee vu Wis erop op de Kaaschtel erneiert ginn. An den 80er Joren ass dann de Buedem am Haff nei gemat ginn vun den "Amis du Castel" aus dem Lothréngen.

An der Kapell steet en Altoer vun de Wiisser Kënschtler Greeff. Dee gouf 1696 an der Kierch zu Munneref opgeriicht an 1766 hei op de Kaaschtel bruecht. 

D'Klack am Tiermchen vun der Kapell ass och importéiert, an zwar aus der Schlasskapell vu Wëntréng. Si ass dem hellegen Donatus geweit. 

Hei virun der Kapell steet a ganz schéine Bam, eng Akazie. Der Iwwerliwwerung no ass se virun 200 Joer hei geplanz ginn, am Joer 1787. De Grof vu Roussy hat de Som dervu matbruecht vun enger Pilgerrees an d'Hellegt Land. 

An der Fiels vum Kaaschtelbierg, eng honnert Meter vun hei eweg, ass och nach eng Hiel. Si soll den Ausgank gewiescht sinn vun engem Geheimgank, deen esou guer bis op Pëttléngen an d'Schlass gefouert huet. Ob dat allerdéngs der Wourecht entsprécht, kann ech net behaapten. 

Déi Kopp, déi een dohannen lénks vum Wee fir op Wis erof gesäit, soll e Verteidegungswall gewiescht sinn. Aus wat fir enger Zäit e staamt, wësse mer net genau. Virstelle kann een sech allerdéngs, dass schonn d'Réimer hien opgeworf hunn, fir hire Kastell zu deer Säit hin ofzesécheren. Hie gëtt awer och de Keltewall genannt, sou dass e vläicht scho méi al wéi bis zur Réimerzäit ass.

Weider Informatiounen zum Kaaschtel:

1. op Wikipedia
2. op wikimedia
3. op Cathol.lu
4. Autopédestre iwwert de Kaaschtel




6. Bei der Kräizkapell

kraizkapell.jpeg


Opgeriicht gouf déi Kapell hei am Joer 1736, héchstwarscheinlech vun der Famill Hermann Conrath-Marx, déi och dat éischten Haus ënnen un der Kierch opgeriicht hunn, déi och d'Kiessenhaus (haut d'Taverne Victor Hugo) 1726 opgeriicht haten. Déi Kapell gouf vun engem Einsidler gepflegt, deen seng Klaus hannert der Kapell hat.

Bemierkenswert an der Kapell ass dat grousst Kräiz, vun deem d'Kapell jo och hiren Numm huet: d'Kräizkapell. D'Kräiz ass 1722 (also 14 Joer éier d'Kapell gebaut gouf) gestëfft ginn bei der Gelegenheet vun enger Missioun, déi Jesuitepateren 1723 om Kaaschtel fir Wis a Munneref gehal haten. En zweet änlecht Kräiz war hirgestallt ginn fir déi selwqecht Gelegenheet. Dat steet haut zu Munneref an der Beckeschkapell. D'Kënschtler, déi do un der Aarbecht waren, sinn alt erëm eng Kéier eis Kënschtler Greeff vu Wis. Dat Wiisser Kräiz stung bis 1879 virun deer aler Filialkierch zu Wis, éier et dann heihin an d'Kräizkapell koum. Déi Kräizer si mat déi eelsten Missiounskräizer aus dem ganze Lëtzebuerger Land. 

em 1900 war d'Kräizkapell och Sakramentskapell, dat heescht, hei gouf bei der Sakramentspressessioun, déi jo Erläichendag an dee Sonndeg duerno duerch d'Duerf goung, dat Allerhellegst (d'Monstranz mat der geweiten Hostie) niddergesat.

Wat elo d'Besëtzverhältnisser vun der Kapell ubelaangt si war si fréier a Privathand. 1908 awer gouf festgehalen, dass si Eegentum vun der franséischer Gemeng Munneref wier.

Ze begréissen ass op alle Fall, dass och déi Gemeng sech a leschter Zäit Gedanke mécht iwwert den Zoustand vun deer Kapell a fest geplangt huet, si an d'Rei setzen ze loosssen. Éischt Aarbechte si jo scho gemat ginn.

Eng lescht Iddi: d'Weekräiz niewent der Kapell ass e Kräiz aus enger gréisserer Seriie. En anert dovu steet haut op der Dresch - gouf restauréiert -, en drëtt um Héiwee, e 4. ass am Besëtz vun der Famill Bosseler vu Munneref, d'Besëtzer vum Hôtel du Grand Chef, e 5. om Dierbelt. Déi 5 Kräizer waren héchstwarscheinlech 4 Stéck aus enger Serie vu 7 bis 8 fréier Statiounen. Dëst Kräiz stuzng bis an de 60er Joren uewen um Cossmanns Haus. De Paschtouer Charel Graul huet et hei ënnen opstelle gelooss, nodeems et ëmgefall war. 

Nodreeglech Bemierkungen:
1) 1990 ass d'Kräizkapell erneiert ginn mat Ënnerstëtzung vun deenen zwou Munnerefer Gemengen an de Wiisser Leit. D'Polychromie vum Kräiz gouf erneiert, finanzéiert duerch de Service Sites et Monuments - den Här Georges Calteux -, d'Statuen si vum Kënschtler Néckel Herber vun Osweiler restauréiert ginn. Déi Aarbecht ass vum Här Jos Leick vun Altwis finanzéiert ginn.
2) En Deel vun deene Weekräizer sinn duerno (1996) an d'Kapell om neie Kiirfecht "verplanzt" ginn an duerch Kopien op der Plaz ersat ginn, fir se virun den Auswierkungen vum Wieder ze schützen. Déi Kapell om neie Kiirfecht ass och vum Här Jos. Leick finanzéiert ginn. Leider ass hien am Laf vun dem Bau gestuerwen a konnt d'Kapell net méi gesinn, wéi se fäerdeg war. Duerch en Ofkommes tëschend dem Här Leick an zwou vun senge Vertrauenspersounen (d'Buergermeeschtesch Maggy Nagel an de Schoulmeeschter Fernand Tremuth) war d'Finanzéierung allerdéngs ofgeséchert ginn. (Präiss vun der Kapell an den Zousazaarbechten: 1.215.324 Frang)

Hei niewent der Kapell steet d'Cosmanns-Haus, fréier Hôtel de Paris. Et gouf 1865 gebaut vum Maurice Cossmann-Wigreux, deen och d'Cossmans-Bréck (Pont Victor Hugo), baue geloss hat. De Maurice Cossmann war bestuet mat der Schwéiesch vum Besëtzer vum Hôtel du Grand Chef vu Munneref. Hien hat gehofft vum deemolege "Boom" vum Bad Munneref profitéieren ze kënnen. 1890 awer schonn gouf den Hôtel opginn aus "Onrentabilitéitsgrënn". 

Vun 1869 bis 1882 huet och e Postkutschendéngscht bestanen, hei vum Hôtel de Paris op Déidenuewen. 

IMG_7296.jpeg
Dee bekannsten Gaascht hei am Hôtel war de Victor Hugo, franséische Schrëftsteller, deen 1871 hei am September (vum 23. August bis den 23. September) mat senger ganzer Famill an Unhängsel (och senger Frëndin Juliette Drouet) säi Quartéier opgeschloen hat, wéi hien keen Openthaltsrecht méi a Frankräich hat an hei zu Munneref eng Kur gemat huet. Séng Post huet en an déi haiteg Taverne Victor Hugo op lëtzebuerger Säit kritt. Säin Zëmmer soll do uewen iwwert der Plack gewiescht sinn, déi 1933 op deer Plaz ugemat gouf. 

Taverne_VH.jpeg

1915, am 1. Weltkrich, ware do Feldstürmer ënnerbruecht. Dat waren eeler Zaldoten, déi do d'Grenziwwergäng sollte bewaachen.

Vun 1933 bis 1939 war den Hôtel de Paris eng Landbauschoul fir jiddesch Pionéier, déi drop virbereet goufen, fir a Palestina (deem haitegen Israel) d'Land ze bebauen.

1986 war an deem Gebai en Cabinet dentaire.

E Géigenstéck vum Hôtel de Paris stung op der Lëtzebuerger Säit: den Hôtel de Luxembourg.

hotelluxembourg.jpeg

Dat Haus war am Ufank vum 18. Jorhonnert gebaut ginn vum Martin Fortuner, deen doran 1711 seng Dokteschpraxis opgemat huet. Vun 1850 bis 1890 huet et als Hôtel funktionéiert. Tëschent deenen zwee Weltkricher huet d'Haus der Famill Zürn aus der Stad gehéiert a war eng Pensioun ënnert dem Numm "Le Castel fleuri". 1981 gouf et ofgerappt fir d'Kräizung nei ze amenagéieren.



**************************************************************************
1. Säit - - Plang vum Site
**************************************************************************


Drécken
Fir d'lescht geännert: 02/03/2024 @ 16:52:30
Générateur de code QR
olefa banner

Fir den Inhalt vun dëse Säiten © 2024
Mir iwwerhuele keng Responsabilitéit fir den Inhalt bei externe Linken