logo



Du bass hei:

Op eisem Site



Accueil
Nodenkleches:
Hobbyen
Schoul

Kontakt

    fir e Mail:
Générateur de code QR


PAGE untitled attachment link

Lëscht vun den Trëppeltier



2. Trëppeltour: 26. Oktober 1986


70 bis 80 Leit haten sech bei der Grott afonnnt fir matzetrëppelen.

tour2leit.jpeg

De Wee:
Grott - Bouleschbierg - Huuscht - ale Wäschbuer - Grouf - Hobour - ënnert dem Bësch - Heedefeldchen - Duelemerpad - Géierwee - Huuscht - Schoul.

Statiounen mat Kommentar:
1. Beim Wäschbuer
Deen ale Wäschbuer ass 1978 ofgerappt ginn. E war 1864 gebaut ginn vun der Munnerefer Bädergesellschaft. Si hat sech zu deem Bau verpflicht, wéi se d'Quell (Doilesbuer) zum Präiss vun 3.000 Frang opkaaft huet vun der Mme Ledure, Wittfra vum Notär vu Munneref. 
Iwwert der Quell war 1838, also 30 Joer méi fréi, e Wäschbuer gebaut ginn, fir 750 Frang. 

quellDoilesbuer.jpeg

Ënnen un deem Wäschbuer war e Fëschweiher, deen der Famill Fortuner gehéiert huet. Déi Famill huet am Françoise-Haus, dem fréieren Hôtel de Luxembourg op der Gare gehéiert. Vun deem Fëschweiher huet dësen Eck säin Numm: am Weiherchen. Déi aner Säit (dreieckegt Stéck) heescht Weihergaart.

tour2e.jpeg tour2d.jpeg

Zur Quell: den Doilesbuer huet 1864 ongeféier 250 Fouder pro Dag geliwwert. 't war ganz gutt Waasser. Et gëtt gefiltert duerch eng Sandschicht am Buedem vun 40 bis 100 m, éier et dann op eng Leemschicht kënnt, déi et net méi duerchléisst an iwwert déi et dann erëm un d'Dagesliicht kënnt. 

1874 gouf déi éischt Waasserleitung geluet, och duerch d'Bädergesellschaft. Si hat en Duerchmeesser vu 6 cm. 

Déi zweet Waasserleitung ass 1897 gelut ginn, si war dräimol méi déck. D'Regirung huet all Quelle faasse gelooss an deene Wiisser eng Rei Virdelerr zougestan:
- Déi Wiisser kréien d'Waasser fir näischt;
- D'Regirung leet all Leitungen;
- D'Regirung garantéiert, dass déi Wiisser ëmmer genug Waasser hunn.
An de Joren duerno allerdéngs waren dax Problemer mam Waasser.

1927 goufen Waasseraueren agebaut, fir ze iwwerpréiwen, wou Waasser géif verschwend ginn. 

1934 gouf dann eis Wasserleitung un déi vu Remerschen a Biermereng ugeschloss. Wéint Waassermangel am Summer a fir Verschwendungen e bësschen anzedämmen hunn déi Wiisser missen vun Abrëll bis September 0,50 Frang pro Fouder bezuelen.

Den Doilesbuer war awer net déi eenzeg Quell zu Wis: aner Quellen goufen a ginn et do uewen am Hobuer: 
- bei der Buergässel (beim Haus Hänkes)
- bei der Hengechersmillen
- bei der Leemillen.

Op deer anerer Säit läit de Kräizwues. Dee Numm kënnt vun engem Kräiz hier, dat do uewen bei den Hobuerquellen stung. Doriwwer spéider méi.


2. A Mecher

Mecher ass en Numm, dee vum Latäinesche kënnt: "Maceries" heescht dréche Mauer, Trümmer. Hei soll eng al Siidlung gewiescht sinn vu Kelto-Réimer oder Gallo-Réimer. Dorënner versteet een déi Mënschegrupp, déi duerch d'Vermëschen vun de Réimer mat de Kelten (oder Gallier) entstan ass.

Wis soll schonn an der Virgeschicht bewunnt gewiescht sinn. De Numm "Wis" kënnt vum keltesch "Wisg", dat heescht "Waasser". 

Déi éischt Awunner, déi eis bekannt sinn, waren d'Kelten, och Gallier genannt. Si goufen am 1. Jorhonnert viru Christus vum réimesche Generol Cäsar besiigt. Duerch d'Vermësche vun deenen zwou Kulturen ass eng nei Volléksgrupp entstanen, d'Gallo-Réimer. Si goufen dann am 5. oder 6. Jorhonnert vun engem Germane-Stamm besiigt: dat waren d'Franken. D'Frankenb aus eiser Géigend huet een Muselfranken genannt. Mir sinn deenen hir Nokommen. Eis Sprooch gët dofir oft (fir muncher een fälschlercherweis) als Muselfränkeschen Dialekt gezeechent. 

Ronderëm eist Duerf ware fréier och nach aner Siidlungen (am 5. bis 8. Jorhonnert): Rosweiler, op Birel, op Gimringen (Richtung Welfréng). Si goufen zerstéiert duerch den Hunnekinnek Attila oder Etzel, deen hei an der Géigend e Lager hat.

Hei huet also eng kelte-réimesch Siidlung gestan, déi am 5. Jorhonnert vun de Germanen (Franken) zerstéiert gouf.  Fonnt goufen hei em 1890 eng Urn, eng Spéngel, e Fangerrank an aner Spure vun deer Siidlung, verspreet iwwert eng Fläch vu bal engem Hektar. Weider Fondsaachen sinn dohannen an der Grouf entdeckt ginn. Do ass déi nächst Etapp.


3. Grouf

Bis 1882 war d'Grouf e Steebroch, deen der Gemeng gehéiert huet. En ass fir 10 Frang d'Joer verpacht ginn. D'Wiisser Awunner konnten awer hir Steng an hire Sand fir näischt do siche goen.

1852 gouf e Graf hei fonnt aus der Zäit vun de Franken (em 500). Dat Graf war aus Stee gebaut, 2,70 m laang an 0,80 m breet. d'Säitewänn waren 20 cm déck. Dat weist drop hin, dass et d'Graf vun engem Räiche war. Déi aarm Leit goufen einfach ënnergeschäärt. Et war mat 2 stenge Placken iwwerdeckt. Dra fonnt gouf e Skelett, eng Vas an eng Gürtelschnall. D'Ausriichtung vum Graf war no Osten. D'Kräizen vun den Äerm a vun de Waffen léisst drop schléissen, dass et sech em e chrëschtlecht Graf gehandelt huet, eent vun deenen éischte chrëschtleche Griewer an eisem Land.

1856 goufen nach 3 Griewer fonnt. Eent mat engem Skelett vun 1,95 m, war fir déi Zäit extra grouss war, d'Franke waren Leit vu groussem Wuess. Derbäi louchen och e Schwert, en Degen an e Messer, Hëllefen fir sech am Jenseits no dem Dout kënnen ze verdeedegen.

1880 goufe Knache fonnt, Den Här Molitor seet a sengem Buch, et kënnte Leit sech drun erënneren, dass et e puer Teimer voll Schanke gewiescht wiren. Héchstwarscheinlech war dat e Kierfecht vun deenen aarme Leit. D'Schanken goufen niewent dem Wee erëm ënnergeschäärt.

Hei ënnendrun läit den Hohbuer. "Buer" ass natierlech en Numm, deen op eng Quell hiweist. Déi Quell hei gouf 1920 mat an d'Waasserleitung abezunn. Si liwwert ± 225 Fouder Waasser den Dag. D'Quell gehéiert der Gemeng.

Déi aner Säit vum Wee läit d'Zammerfeld. Weider dohanne läit d'Viischt an d'hënnescht Delt. Delt steet fir das däitscht Wuert "Tal". 

Hei op dëser Plaz stung fréier och nach eKräiz, dohir deen anere Bann-Numm: de Kräizwues. De Fouss vun deem Kräiz soll, dem Molitor no, 1939 nach hei am Buedem gestan hunn. Wat domat geschitt ass, wësse mer net.

Dohannen om Bierg louch Gimringen (op Fëlschdreff, Duelem zou), eng fréier keltesch Siidlung, déi vum Attila zerstéiert gouf. Op Gimringen stung och de Gaalge vu Wis, wou déi zum Dout Verurteelten gehaang goufen.

Dovu verzielt och den Nicolas Gredt a sengem Buch "Sagenschatz des Luxemburger Landes": Een deen op Gimringen higeriicht gouf, war e Mäerder an Déif. Mat engem Kompliz hat en eng Fra, déi iwwert engem Kand war, ëmbruecht. Fir anzebreechen hunn se nämlech d'Hand vun engem ongebuerene Kand gebraucht. Déi huet hinnen d'Schlesser opgemat. De Mord ass geschitt beim Piretterkräiz, d'Kräizung vun de Weeër vu Felschdreff op Syren a vun Duelem op Haassel. Bei deem Kräiz haten se och hir geklaute Saachen verstoppt. Si goufen erwëscht, deen ee gouf geriedert, den aneren op Gimringen gehaang.

D'Wisser Awunner ware fréier derzoui verpflicht, de Wee aus dem Duerf hei bei d'Kräiz a vum Kräiz bei de Gaalgen ze ënnerhalen.

tour2a.jpeg tour2c.jpeg

E bëssche méi erop hei leien d'Strachen an Zammerfeld.

Am Zammerfeld ass 1929 am November de Buedem agesackt. Do war eng nei Quell entstanen. No Analysen huet sech awer erausgestallt, dass et sech net géif rentéieren, fir déi Quell ze faassen.

Eis nächst Etapp ass elo do uewen, wou den Huelewee erauskoum, beim Heedefeldchen. Dee Wee, dee mer elo ginn, ass de Wee ënnert dem Groufbierg oder ënnert dem Bësch. Rietserhand leien d'Strachen, d'Zammerfeld, d'Delt, d'Zweiserei an den Duelemer Pad.


4. Heedefeldchen

plangCharelMolitor_Gewan.jpeg
Kaart gemoolt vum Charel Molitor (aus dem Buch vum J.P. Molitor)

Hei koum den Huelewee erof. Haut ass en zougetippt. De Wee weider duerch d'Gewan ass den Duelemer Pad, fréier war dat de Wee fir aus Kickeschpand eriwwer op Duelem ze goen. Flouernimm hei sinn den Huelewee, Stengegerbësch, Neimatgen, de Géierwee an de Kiirfecht. Och deen Numm weist drop hin, dass fréier hei eng Siidlung war vun de Gallo-Réimer. 

Hei am Heedefeldchen gouf e romanescht Broschtkräiz fonnt, e Schreifstylett aus Elfebeen, e Kapp asu Terra cotta (gebrannte Leem), eng Lanz, Neel, e Messer a Läffelen, en Holzmeessel, Glaspärelen, Beschléi, Schlësselen an Zéilen vuu Waarm-Loft-Heizung. Am Stengegerbësch gouf 1839 och e Sarkophag fonnt vun engem Generol. Dee Sarkophag ass zu Welfréng beim Bau vun engem Haus verschafft ginn.

1934 bei Aarbechten un der Strooss gouf och nach Mauerwierk entdeckt, 30 m laang, 55 cm déck an 1 m héich. 

Déi Siidlung hei gouf zerstéiert entweder 276 no Christus vun de Franken oder em 450 duerch den Attila.

Den Attila, Kinnek vun den Hunnen - e Vollek vun Reiter-Nomaden aus Zentralasien -, hat hei an der Géigend e Lager. Dat gëtt beluegt duerch de Flouernumm "ënner Etzel", déi aner Säit vun der grousser Strooss, e bëssche méi wäit. Dee Flouer direkt déi aner Säit vun der Strooss huet dee ganz originellen Numm "iwwert d'Strooss".

Iwwert de Stengegerbësch ginn och nach eng ganz Rei vu Seeëcher verzielt (cf. Nicolas Gredt Säit 198, resp. 210):

* En Zaldot goung owes op Duelem zou. Am Agank vum Bësch kënnt em e Mann entgéint. Wéi den Zaldot d'Hand op säi Säwel leet, well de Kärel him net ganz geheier virkoum, huet deen ugefaang ze wuessen, e gouf ëmmer méi grouss, ëmmer méi grouss. Du huet den Zaldot d'Kräiz gemat, de Ris goung zréck. Mat engem fuerchtbaren Donnerschlag war et verschwonn. Dofir stung e groussen Hond hannert eisem Zaldot, deen dunn, sou séier wéi e konnt, heemgerannt ass. Doheem ass en ëmgefall a war vun sech.

* Eng aner Seeche verzielt, wéi e Mann vu Munneref op Duelem goung. Am Stengegerbësch krut en op eemol Streech mat Rouden iwwert de Réck an an d'Gesiicht. Säin Hëndchen, deen e bei sech hat, huet gehault wéi en aarmen Däiwel. Wéi de Mann dunn iweert d'Feld gelaf ass, huet et opgehal. Doheem ass de Mippchen dout ëmgefall. Datsollt iwwregens méi Leit geschitt sinn. 

Do hanne läit d'Bréim. Do gouf 1843 eng Kallekbrennerei bedriwwen vum Stephan Schleck. 1850 krut de Gierwer Spierkel d'Genehmigung, an der Bréim eng Schënnerei (op däitsch Abdeckerei, Verwertung vun doudegen Déieren) an eng Gierwerei (Verschaffen vun der Haut vun Déieren fir Lieder ze man) ze bedreiwen. 

Wa mer elo duerch de Géierwee zréckginn, komme mer nach laanscht Rossweiler (lénks vum Wee, ongeféier an der Halschtend) a laanscht d'Nuetsweed (éier een an d'Duerf kënnt lénks). Rossweiler war réier am 5. bis 8. Jorhonnert eng Siidlung. Am d'Nuetsweed goufen d'Béischten, déi den Dag duerch geschafft haten, d'Nuecht iwwer op d'Weed gefouert.



**************************************************************************
1. Säit - - Plang vum Site
**************************************************************************


Drécken
Fir d'lescht geännert: 02/03/2024 @ 16:52:30
Générateur de code QR
olefa banner

Fir den Inhalt vun dëse Säiten © 2024
Mir iwwerhuele keng Responsabilitéit fir den Inhalt bei externe Linken